"Splitsville" vum Michael Angelo Covino
No der exzellenter Komedie mam Titel "The Climb" aus dem Joer 2019, wou sech alles ëm eng toxesch Frëndschaft tëschent zwee Männer dréit, hunn d’Amerikaner Michael Angelo Covino a Kyle Marvin mat hirem neie Film SPLITVILLE de selwechte Sujet nach eemol opgegraff an op ganz original an extrem witzeg Manéier ausgebaut.
De Carey (Kyle Marvin) ass e gudde Kärel, dee wuel romantesch ass ma net grad extrem dynamesch, wat seng Fra Ashley (Adria Arjona) schlussendlech dozou bréngt no nëmme 14 Méint d’Scheedung zu engem ganz skurrille Moment anzereechen. De Carey geet doropshi bei säi beschte Kolleeg de Paul (Michael Covino) a seng laangjäreg Fra Julie (Dakota Johnson), wou hie gewuer gëtt, datt d‘Geheimnis vu hirem Bestietnes ganz einfach ass: si féieren eng oppe Bezéiung. Eng Revelatioun, déi dem Carey eng nei Weltusiicht opmécht, ma déi zu enger tickender Zäitbomm gëtt.
Sophistiquéiert an original Komedië sinn ëmmer méi seelen, "Splitsville" ass souwuel subtil wei och skurril an do derbäi och nach extrem witzeg! D'Cineaste Michael Angelo Covino an de Kyle Marvin hunn eng eenzegaarteg Stëmm an der haiteger Kinoslandschaft. Si hunn "Splitsville" net nëmme geschriwwen, ma si spille selwer och d'Haaptrolle woubäi de Covino och nach d’Regie assuréiert. Gewieften Dialogen, en schëtzege Rhythmus wärend den éischten zwee Drëttel vum Film, eng pertinent Analys vum Koppelliewen an eng Hellewull un immens originalen a gewoten Iddie suerge fir Ënnerhalung a mat Momenter fir Bauchmuskel-Krämp vum ville Laachen. Am leschten Drëttel gëtt de Rhythmus da wuel méi lues ma och dëse Geschwindegkeetsoffall schued dëser Komedie net weider. "Splitsville" ass eng beréierend a villschichteg Komedie, déi ni fäert, bis op den Enn vun hiren Iddien ze goen a sech domat vun de sëllegen extrem formatéierten a brave Komedië kloer ofsetzt.