Mat Filmer wéi "Magnolia", "Boogie Nights" oder nach "Phantom Thread" huet de 55 Joer alen US-Cineast Paul Thomas Anderson d’Kinogeschicht markéiert.

Säin neisten Epos "One Battle After Another" mam Leonardo Di Caprio an der Haaptroll beweist op en Neits dem Anderson seng Originalitéit a Virtuositéit.

16 Joer nodeems de paranoide Bob, e fréiere Member vun enger revolutionärer Terroristegrupp mam Numm "French 75" war, lieft hien eleng mat senger Duechter ofgeschott vun der Welt, bis d’Geeschter vun der Vergaangenheet nees opdauchen. Dat a Form vum Colonel Lockjaw, en Zaldot, deen iwwer Läiche geet, fir am elitäre Krees vun enger geheimer rassistescher Organisatioun ugeholl ze ginn.

"One Battle After Another" ass eng fräi Adaptatioun vum Thomas Pynchon sengem Roman "Vineland". De Regisseur Paul Thomas Anderson huet d'Aktioun vum Buch vun de 1960er an 80er Joren op dat 21. Joerhonnert am Film verluecht, an esou säin éischten zäitgenëssesche Film zënter "Punch Drunk Love" realiséiert. Domat ass dem Realisateur vun "There Will Be Blood" en extrem zäitgenëssesche Portrait vun Amerika a vun der absurder aktueller Lag vun der Welt gelongen.

"One Battle After Another" ass fundamental politesch vun der éischter bis zur leschter Sekonn, vergësst awer net de Schwéierpunkt op seng atypesch Personnagen ze leeën, sou datt d’Emotioun konstant am Vierdergrond bléift. Action-Elementer, burlesk Komedie-Momenter a pueren Drama ginn hei mat enger energescher Virtuositéit mat enee verbonnen. Dësen Epos vun 2 Stonnen an 41 Minutten hëlt de Spectateur mat op eng eenzegaarteg emotional Rees, eng original Kinosexperienz, déi et absolutt um groussen Ecran ze erliewen gëllt.