"Highest 2 Lowest" vum Spike Lee
Mat sengem 24te Film huet de New Yorker Realisateur Spike Lee e japanesche Klassiker aus aus dem Joer 1963 nei adaptéiert. HIGHEST 2 LOWEST markéiert dann och dem 68 Joer ale Realisateur Spike Lee seng fënneft Kollaboratioun mam Oscar Gewënner Denzel Washington.
Den New Yorker Musekmogul David King ass weltwäit dofir bekannt di bescht Oueren an der Museksindustrie ze hunn. Wann hien awer mat enger Entféierung an enger onbezuelbarer Fuerderung vu Léisegeld konfrontéiert gëtt, steet hie virun engem scheinbar onléisbare moraleschen Dilemma, dee riskéiert alles wat en sech opgebaut huet an engem Dag ze zerstéieren.
De Realisateur Spike Lee ass New Yorker duerch an duerch. Hie lieft a feiert de Big Apple mat all Otemzuch a mat all Film. HIGHEST 2 LOWEST ass do keng Ausnam. Dësen existenzielle Krimi ass e Potpourri vun Impressiounen a stilisteschen Iddien, déi net wierklech en Zesummenhang hunn, ausser eben den Numm an d‘Perséinlechkeet vum Realisateur, déi an all Bild vun dësem Remake vun engem grousse japanesche Klassiker ze spiere sinn, a leider och d’Iwwerhand iwwert d’Geschicht gewannen.
Spannung kënnt hei net eng Sekonn op a souwuel den Denzel Washington wéi de Jeffrey Wright, déi exzellent a fantastesch Acteure sinn, ginn hei esou iwwersteiert, datt se mat Momenter wéi e Seeldänzer ouni Netz riskéieren an eng lächerlech Shakespeare Parodie ze stierzen.
Et ass mol net datt Langweil opkënnt, ma HIGHEST 2 LOWEST ass esou en ongläiche Film voll mat Exzesser, datt engem souwuel d'Personnagë wéi hier Konflikter net wierklech wichteg virkommen, an do hëlleft en onspektakuläre an zéie Klimax am New Yorker Metro och net wieder.
Wann HIGHEST 2 LOWEST op APPLE Plus ze gesinn ass leeft momentan awer seng original Virlag, dem Akira Kurosawa säin extrem maîtriséierten an nuancéierten HIGH AND LOW (1963) a Spezialseancen an de Kinoen uechter d’Land.