Virun 32 Joer huet den éischten "Jurassic-Park-Film", e spektakulären a revolutionäre Kinosspektakel, seng Première gefeiert. Mat "Jurassic World: Rebirth" leeft de mëttlerweil 7. Film an dëser Saga an de Kinoen a versicht mat alle Mëttel, sengem originale Virgänger gerecht ze ginn.

An enger Welt, wou Dinosaurier just nach a wäit isoléierten tropesche Regiounen iwwerliewe kënnen, schéckt e Pharmakonzern eng geheim Missioun op eng verloossen Insel, fir Dinosaurier-DNA ze fannen, déi hëllefe kéint, dat mënschlecht Schicksal fir ëmmer ze veränneren. Ugefouert vun der haartnäckeger Zaldotin Zora Bennett trëfft d'Expeditiounsekipp op déi geféierlech prehistoresch Déieren an op e grujelegt neit Hybrid-Monster a muss sech deemno entscheeden, d'Feeler vun der Vergaangenheet nach eng Kéier ze widderhuelen oder endlech d'Léier doraus ze zéien.
Mat engem neie Skript vum David Koepp an ënnert der Regie vum Gareth Edwards probéiert "Jurassic World: Rebirth" d’Saga aus hirem kreative Vakuum ze befreien.

De Realisateur vu "Godzilla" a "Monsters", de Gareth Edwards, setzt op d'Monumentalitéit vun den Dinosaurier an op eng besonnesch staark Atmosphär, an erënnert bäileefeg bewosst un d'Ikonografie vum Spielberg-Klassiker aus dem Joer 1993. Den Edwards zitéiert deemno wuel d’Ästhetik vum Spielberg senge Filmer wei "Jawa", "Indiana Jones" oder eben "Jurassic Park", ouni sech awer op einfach Imitatiounen ze beschränken a beweist op en Neits seng Virtuositéit am Ëmgang mat monsterhafte Figuren.

"Jurassic World: Rebirth" ass wuel net revolutionär an de Rhythmus leit sécherlech heiansdo ënner ze bekannten dramaturgesche Motiver, wéi d‘Famill mat Kanner, déi op der Insel ëm d’Iwwerliewe kämpft, Mee den Edwards fënnt mat vill Energie zréck zu de Wuerzele vun der Saga a vermëttelt domat endlech nees déi ursprénglech Freed um sougenannten "Abenteuerfilm".