Les aigles de la République ass den neie Film vum gebiertege Schweed mat ägypteschen Originnen, den Tarik Saleh. Heimat schléisst hie seng Trilogie vu Genre-Filmer iwwer Kairo of. Nom Film Noir Le caire confidentiel an dem Spionage Thriller La Conspiration du caire detournéiert de Saleh de Genre vum politeschen Thriller och nees op seng ganz eege Manéier.

Fir de George Fahmy, ee vun de grousse Filmstaren an Ägypten, gëtt d’Prominenz zum Verhängnes. Well hien dem Regime géigeniwwer ze kritesch ass, geréit hien an eng politesch Fal, déi och säi Bouf bedreet. Fir seng Famill ze schützen, muss hien ausgerechent de President – deen hien eigentlech verurteelt – an engem propagandistesche Biopic spillen, an dat natierlech ënnert strikter Iwwerwaachung. Dee soss esou selbstsécheren Acteur geréit domat an eng Spiral vun der Angscht.

Les aigles de la République ass ee vun deene Filmer, déi de Spectateur net duerch Aktioun oder grousse Spektakel maträissen, mee duerch eng Atmosphär, déi mat all Minutt méi erdréckend gëtt. De Film gëtt vun engem latenten an onrouege Drock regéiert, deen de Saleh meeschterhaft opbaut.

De Saleh geet déi politesch Realitéit frontal un. Sou gëtt den ägyptesche Staatschef Al-Sissi net duerch eng fiktiv Figur ersat, mee steet hei kloer am Zentrum vun der Kritik. De Film weist, ouni e Moment ze zécken, d‘Korruptioun, d‘Zensur, déi wirtschaftlech Misär an eng Bevëlkerung, déi ënner engem Klima vu militäreschem Kontroll lieft.

Visuell ass de Film eng Meeschterleeschtung vu Beherrschung: millimétréiert Astellungen, kontrolléiert Beweegungen an eng Kamera, déi ëmmer op Distanz bleift an déi weist, wéi Liewen a Fräiheet an engem autoritäre System lues awer sécher erstéckt ginn, bis da schlussendlech och eng brutal Gewalt um Schluss aus dem dëse ästhetesche Glanz fërmlech eraus explodéiert.

Les aigles de la République ass e kale Film mat exzellenten Acteuren. En engagéierten an ongefilterten Thriller, deen ouni Zweiwel zu de beschte Filmer vum Joer gehéiert.