Film vun der Woch"La Grazia" vum Paolo Sorrentino

Frank Grotz
Seng Filmer si reegelméisseg an der Competitioun zu Cannes an op anere grousse Filmfestivaller ze fannen.
Film vun der Woch: "La Grazia"
E Film vum Paolo Sorrentino.

Dem italieenesche Realisateur Paolo Sorrentino säin neistent Wierk “La Grazia” geet ëm e fiktiven italieenesche President an enger Liewenskris.

An deene leschte Méint vu sengem Mandat ass den italieenesche President Mariano De Santis gläich mat e puer Decisiounen iwwerfuerdert. Nieft engem Euthanasiegesetz, dat hien ëmmer nees iwwerschaffe léisst, geet et och ëm d’Fro, ob hien zwee verurteelt Mäerder wéinst den dramateschen Ëmstänn vun hirer Dot soll begnodegen. De Politiker, dee schonn ni de Ruff hat, kloer Entscheedungen ze treffen, zielt vill op seng Duechter, déi zugläich seng juristesch Beroderin ass.

Lues a lues gëtt kloer, datt dem Staatschef säi Blockage awer och privat Ursaachen huet. Nieft dem Doud vu senger Fra, deen hien ni iwwerwonnen huet, ploen hie Gedanke ronderëm eng Affär, déi si viru laanger Zäit mat enger Persoun aus hirem noen Ëmfeld hat. Dobäi kënnt, datt de President am Réckbléck op säi Liewe wéineg Positives u sech selwer fënnt.

Mat senge gewinnt gefleegte Cadragen, impressionanten Dekoren an enger markanter Musek ass dem Paolo Sorrentino säi “La Grazia” souwuel ästhetesch wéi och emotional Kino op héijem Niveau. Dem President seng Gedankegäng iwwert Einsamkeet, Léift a verluere Passioun gi vun engem staarken Toni Servillo an der Haaptroll subtil an iwwerzeegend duergestallt.

D’Selektioun vu “La Grazia” an der Kompetitioun um leschte Filmfestival zu Venedeg a seng Nominatioun fir den europäesche Filmpräis sinn deemno méi wéi verdéngt.

Back to Top
CIM LOGO