Film vun der Woch"Dreams" vum Michel Franco

Frank Grotz
Wéi grouss ass d'Loyalitéit an enger Koppel wann et wierklech drop ukënnt? Dës Fro setzt de mexikanesche Cineast Michel Franco an de Kontext vun der illegaler Immigratioun an Amerika a mécht dorausser en effikassen Thriller.
Film vun der Woch: "Dreams" vum Michel Franco

D’Jennifer, gespillt vum Jessica Chastain, geréiert zu San Francisco eng Fondatioun, déi besonnesch mexikanesch Kënschtler ënnerstëtzt. An dësem Kontext huet si och den Dänzer Fernando kennegeléiert, mat dem si eng passionéiert Relatioun zu Mexico City féiert. Wéi de jonke Mann, interpretéiert vum Isaac Hernández, mat Hëllef vu Passeuren iwwer d’Grenz kënnt, fir mam Jennifer an den USA zesummenzeliewen, fänkt déi weltoppe Fassad vun der amerikanescher Famill awer un ze bréckelen.

De Realisateur Michel Franco wielt fir säin eroteschen Thriller “Dreams” bewosst eng ganz epuréiert Erzielweis, bei där d’Niewecharakteren an de Kontext nëmmen duerch knapp Dialoger erzielt ginn. Dëst geet duer fir de Spectateur an d’Welt vun der pseudo-toleranter Jet-Set ze versetzen an erlaabt et dem Film, sech besonnesch op déi toxesch Bezéiung vun der Koppel ze konzentréieren, déi schliisslech zu enger onerwaarter Wendung féiert. Trotzdeem hätt ee sech bei sou engem aktuelle Sujet awer méi eng déif gesellschaftlech Analys kënnen erwaarden.

Back to Top
CIM LOGO