
De Stéphane Halleux, dee 1972 zu Chênée an der Belsch gebuer gouf an zu Léck um Institut Saint-Luc Konscht geléiert huet, ass haut virun allem duerch säi Personnage “Mr. Hublot” bekannt ginn. Den Animatiounsfilm mam nämmlechten Numm gouf zesumme mat Lëtzebuerg produzéiert a konnt am Joer 2014 en Oscar fir de beschte kuerzen Animatiounsfilm gewannen. Bis haut ass “Mr Hublot” deen eenzegen Oscar, dee Lëtzebuerg gewanne konnt.
Am sougenannte Musée Meconium sollen dem Stéphane Halleux seng Skulpturen dann an Zukunft Plaz huelen. E Sonnden tëschent 14 Auer an 18 Auer ass déi offiziell Inauguratioun mam Kënschtler zu Durbuy.