ALIAWéi gi Kinosfilmer zu Lëtzebuerg klasséiert?

Isabelle Gillen
All Film, deen zu Lëtzebuerg an de Kinoe leeft, huet normalerweis eng Altersaschränkung, déi virgëtt, vu wéi engem Alter un en dierf gekuckt ginn – ma wie leet dësen Alter eigentlech fest a no wéi enge Krittären?
Am Kader vun enger informeller Prozedur, esou heescht et vun der ALIA, wiere si mam Kinosbedreiwer a Kontakt getrueden an hu sech zesummen op e Reklassement vu +16 Joer fir de Film “Wuthering Heights” gëeenegt.
© WARNER BROS. - LIE STILL - LUCKY/Collection ChristopheL via AFP

Reng theoretesch leet all Kinosbedreiwer selwer fest, vu wéi engem Alter un eng Persoun fir e Film zougelooss gëtt. Hei zu Lëtzebuerg gëtt sech dacks un auslännesche Klassementer, wéi zum Beispill dem däitschen FSK oder dem hollännesche Kijkwijzer, orientéiert.

Dës orientéiere sech och nees un hiren Noperen oder och dacks um Klassement aus dem Land, aus deem de Film eigentlech kënnt. Dat heescht, wann e Film an Däitschland oder Holland mat +12 Joer klasséiert ass, ass d’Warscheinlechkeet zimmlech grouss, dass et zu Lëtzebuerg an deene meeschte Kinoen och esou ass.

Hei kann et natierlech och emol zu Ënnerscheeder am Verglach zum Ausland oder verschiddenen nationale Kinoe kommen.

Bei méi ëmstriddene Filmer kann et natierlech och dozou kommen, dass de Public net mat der Altersklasséierung vum Kinosbedreiwer averstanen ass an doropshi kann d’ALIA, d’Autorié luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel, e Film reklasséieren.

Rezent koum et beim Film “Wuthering Heights” vun der Regisseurin Emerald Fennel zu esou enger Nofro. Eng Rei Elteren, déi de Film mat hire Kanner kucke waren, waren net mat der Klasséierung vu +12 Joer averstanen an hu sech bei der ALIA gemellt.

Am Kader vun enger informeller Prozedur, esou heescht et vun der ALIA, wiere si mam Kinosbedreiwer a Kontakt getrueden an hu sech zesummen op e Reklassement vu +16 Joer gëeenegt.

An esou engem Fall, kuckt sech e Mataarbechter vun der ALIA de Film un a mécht dem Kino op Basis vun Elementer aus dem Gesetz, wat am Joer 2009 ugepasst gouf, eng Propos un de Kino. Wa sech intern op en neien Alter gëeenegt gëtt, brauch keng offiziell Instruktioun vum Dossier gemaach ze ginn.

Bei “Wuthering Heights”, esou d’ALIA, koum et zur Reklasséierung “wéinst der allgemenger Stëmmung vum Film, a verschiddenen Zeenen, wou et ëm eng toxesch Bezéiung an d’Duerstellung vu Gewalt a Sexualitéit geet, déi méi jonk Kanner nach net onbedéngt richteg anuerdnen a kritesch hannerfroen kënnen”.

D’ALIA mécht all Woch Kontrolle vun de Klasséierungen an de Kinoen an huet d’Méiglechkeet, sech selwer ze saiséieren, kann awer och vun de Ministeren oder dem OKAJU saiséiert ginn. “Am Fall vun enger Autosaisine oder enger offizieller Saisine kann et dozou kommen, dass den C.A. vun der ALIA an enger offiziell Decisioun ee Film nei klasséiert. Dës nei Klassifikatioun vun der ALIA ersetzt dann all vireg Klassifikatioun a gëllt vis-à-vis vun de Kinosbedreiwer oder aneren Organisateure vun enger ëffentlecher Kinosfilmvirstellung, an dem Public ab dem Dag vun der Decisioun.”

Zu Lëtzebuerg ginn et fënnef verschidden Altersklasséierungen: +0, +6, +12, +16, +18. D’Missioun vun der ALIA a weider Informatiounen iwwert d’Klassement vu Kinosfilmer fannt Dir an hirem Depliant aus dem Joer 2025.

Back to Top
CIM LOGO