Alkohol um SteierZu Bouneweg op der Géigespuer ënnerwee a grouss vum Parquet ordonéiert Kontrollen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg hat de Parquet d'Beamte vun der Police op verschidde Plazen am Land geschéckt, fir Alkoholkontrollen ze maachen.
Grouss Alkoholkontroll zu Iechternach
Um Donneschdeg den Owend hat d’Police Statioun an der Route de Luxembourg zu Iechternach geholl.

Zu Bouneweg gouf d’Police an der Nuecht op e Freideg opmierksam op en Automobilist, deen op der Géigespuer ënnerwee war. Doropshi gouf den Automobilist ugehalen a kontrolléiert. Dobäi hunn d’Poliziste festgestallt, datt de Chauffer däitlech ze vill Alkohol gedronk hat, wat den Test och confirméiert huet.

Da gouf et nach dräi gréisser Alkoholkontrollen, déi vum Parquet ordonéiert goufen. Hei waren d’Beamten zu Iechternach an der Route de Luxembourg, um Grondhaff an der Route de Diekirch an zu Dikrech op der Héicht vun der Gare. Op den dräi Plazen zesumme goufen 331 Automobiliste kontrolléiert, och wann et keng Indice gouf, datt de Chauffer eppes falsch gemaach hätt. A véier Fäll ass den Exame positiv ausgefall, wat zu zwee Procès-verballen an zwee Avertissement-taxé gefouert huet. Ee Permis gouf agezunn. Och goufen nach dräi aner Verstéiss géint de Code de la Route verstouss.

Back to Top
CIM LOGO