Britteschen Indie-Rock"White Lies" live am Atelier

Claudia Kollwelter
D'Indie Rock Band "White Lies" hunn e Mëttwoch den Owend an engem gutt gefëllten Atelier trei Fans sécherlech begeeschtert, an awer Sputt no uewe gelooss.
© Joe Warling

A punkto Professionalitéit a musikalescht Kënnen kann een der véier-käppeger Band absolut näischt virwerfen. D’Stëmm vum Harry McVeigh war vun der éischter Sekonn u propper a stabil an all Nout souz, och instrumental. Seng Präsenz op der Bün war cool a kontrolléiert, a vun Zäit zu Zäit huet en sech un de Public adresséiert, ouni datt allerdéngs eng richteg Interaktioun opkomm ass.

Wat een der Band wuel zegutt hale muss, ass hir Konsequenz an hire Stil. White Lies wësse genee wien se sinn a versichen net dat mat vill Gedeessems op der Bün oder iwwerdriwwener Interaktioun mam Publikum ze iwwerspillen.

An awer war de Concert a mengen Aen deelweis ze monoton an eppes Gewëssenes huet iergendwéi gefeelt. Et war am Fong eréischt beim “Encore” a bei de méi al bekannte Lidder, datt den Atelier wierklech opgebléit ass an och de leschten am Sall ugefaangen huet mat danzen a klappen.

Et kann ee sécherlech net bestreiden, datt et e gudde Concert war, mee a mengen Ae kee memorabelen.

Back to Top
CIM LOGO