
12 Joer ass et hier, datt d'Band vu Köln fir d'lescht am Grand-Duché war. 2014 waren AnnenMayKantereit am Kader vum Food For Your Senses Festival zu Lëtzebuerg. 2022 sollten se dunn an den Atelier kommen, ma wéinst Covid huet dee Concert missten ofgesot ginn. Dofir war et dann och net verwonnerlech, datt d’Tickete fir den Optrëtt en Donneschdeg an der Rockhal ganz séier ausverkaaft waren.
Lëtzebuerg ass eréischt den zweete Concert vun der "Live 2026"-Tour vun AnnenMayKantereit, déi den Dag virdrun zu Nürnberg ugefaangen huet.
D'Euphorie an d'Freed op der Bün ze stoen an de Publikum matzerappen huet een och vun der éischter Sekonn u gespuert. De Sänger Henning May huet de Public relativ séier begréisst an och ëmmer erëm de Kontakt op eng ganz sympathesch an down-to-earth Manéier gesicht. Déi markant, rau a charakteristesch Stëmm vum Henning May konnt live genee esou iwwerzeege wéi op den Albe vun der Band a gëllt net fir näischt als Markenzeeche vun AnnenMayKantereit. Mee och instrumental konnt déi ganz Band, déi vun zousätzleche Museker ënnerstëtzt gouf, ofliwweren. A Punkto Sound war d'Balance tëscht den Instrumenter an dem Gesang perfekt ofgestëmmt an ausser e puer klengen technesche Problemer war et e richtege Pleséier fir d'Oueren. Datt de Frontman, de Gittarist Christopher Annen an de Batteur Severin Kantereit an tëscht en agespillten Team sinn, ass virun allem bei den akustesche Versioune vun deem een oder anere Lidd opgefall.
De Setting op der Bün war e relativ soberen, mam Fokus kloer op der Musek a kengem ChiChi lénks a riets. AnnenMayKantereit schaffen aktuell un engem neien Album an hunn an deem Kontext e klenge "Studio" mat op d’Bün an der Rockhal bruecht. Fënnef nei Lidder hunn se gespillt, déi wärend deem live opgeholl goufen.
Ma natierlech waren et awer déi bekannt Lidder wéi "Pocahontas", "Oft gefragt" oder "Ausgehen" bei deenen d'Leit haart matgesongen a gedanzt hunn.
Eng perfekt Mëschung tëscht méi rouege Momenter, déi fir eng intim Atmosphär gesuergt hunn, an enger voll gepaakter Rockhal, déi d'Lidder vun AnnenMayKantereit begeeschtert opgeholl a matgesongen huet. Bleift ze hoffen, datt et net erëm 12 Joer dauert, bis d'Band op en neits op Lëtzebuerg kënnt.