Rock am GaartRTL bréngt am Summer Musek an Äre Gaart

Rosa Clemente
Fabienne Zwally
Anouk Siebenaler
Mir sichen déi schéinste Gäert am Land, fir vun do aus live ze senden.
© RTL (Archiv)

Lued Famill, Kolleegen an Noperen an a mir suerge fir een eenzegaartegen Owend mat engem Live-Act vun enger Band/Sänger(in) an ärem Gaart.

Mellt Iech bei eis !
 
Hutt Dir ee gefleegte Blummegaart, ee schéine Weier, oder eng flott Grill-Plaz?

Fir eis Magazin-Live-Sendungen an der leschter Woch am Juli wiele mir jeeweils déi schéinste Gäert eraus a stellen do fir een Owend eise Studio op.
 
Wéini? Een Owend (19 Auer) an der Woch vum 28. bis den 31. Juli.
Wie kënnt? Eng RTL-Ekipp an eng Museksgrupp/Kënschtler(in)

Mellt Iech u bis de 6. Juli a schéckt eis eng Foto vun Ärem Gaart eran.  
 
Mir freeën eis op iech!


Dir wëllt wëssen, wat Iech erwaart?

Hei e puer Impressioune vun der Editioun 2024.

Back to Top
CIM LOGO