40 Joer Karriär hunn d'Punk-Rock-Legende vun The Offspring antëscht op de Schëlleren an net manner wéi 40 Milliounen Alben huet d'Band ronderëm den Dexter Holland weltwäit verkaf. Kee Wonner, datt do souwuel déi al trei Fans genee wéi eng Partie Virwëtzeger oder einfach Musek-Begeeschterter et sech net huele gelooss hunn, d'US-Band live zu Lëtzebuerg lauschteren ze goen.
De Parking vun der Luxexpo war gutt gefëllt, wann och net ausverkaaft. Ma et huet awer gedauert, bis dass de Public sech vun der Energie vun der Band matrappe gelooss huet. Dat hat och vläicht domat ze dinn, datt et beim Ufank vum Concert a Punkto Volume bëssen u Wuppes gefeelt huet. Mat Klassiker wéi "All I want", "Want you bad" oder "Staring at the Sun" gouf de Publikum zréck an d'spéit 90er an Ufank 2000er versat. D'Comic-Projektiounen, déi ëmmer mol nees um Bildschierm opgetaucht sinn, hunn dee Feeling nach eemol ënnerstrach.
Knapp annerhallef Stonn huet The Offspring gespillt. Keen éiweg laange Set, deen an der Mëtt vun enger Partie Coveren opgemëscht gouf, vu Black Sabbath zum Beispill mee och souguer vun engem Taylor-Swift-Cover. Virun allem awer déi deels bësse laang Gespréicher a Gezécks tëscht dem Dexter Holland an dem Gittarist Noodles hätten a mengen Ae roueg kënnen duerch deen een oder aneren zousätzlechen Titel ersat ginn.
Déi gréissten Hits huet d'Band sech bis zum Schluss gehalen, a bei "Pretty Fly (for a white guy)" oder "Self Esteem" war d'Freed, de Spaass an d'Power vun der Band dann och endlech op d'Leit iwwergesprongen an den Héichpunkt vum Concert erreecht.
Eng gelonge Mëschung aus Nostalgie, Punkrock an engem ofwiesslungsräiche Bünebild, déi bewisen huet, datt The Offspring och haut nach eng exzellent Live-Band ass. En erfollegräichen Optakt vun den Open-Air Concerte bei der Luxexpo, dee Loscht op méi mécht.
Come out and play // All I want // Want you bad // Looking out for #1 // Staring at the sun // Hit That // Original Prankster // Hammerhead // Make it all right // Bad Habit // Electric Funeral // Paranoid // Crazy Train // In the Hall of the Mountain King // Love Story (Taylor Swift Cover) // Walla Walla // Gotta get away // Why don’t you get a job? // Pretty Fly (for a white guy) // The Kids aren’t alright // You’re gonna go far, Kid // Self Esteem