
Vu Katy Perry iwwer Lenny Kravitz bis bei de Paul Kalkbrenner stinn an de nächsten zwou Wochen um Parking virun der Luxexpo international Gréissten op der Bün. Et ass antëscht schonn dat 5. Joer hannerteneen, datt den Atelier Open-Air-Concerten am Juli um Kierchbierg organiséiert. Wéi bei de viregten Editioune sinn och dëst Joer grouss international Nimm dobäi, déi ee sech net entgoe soll loossen.
Optakt mécht e Mëttwoch den Owend, den 1. Juli, d’US-Rockband "The Offspring". D’Punk-Rocker aus Kalifornien ware scho méi wéi ee Mol op Besuch am Grand-Duché a wäerten no sëllege Concerten an der Rockhal ganz bestëmmt och bei der Luxexpo um Kierchbierg fir gutt Stëmmung suergen. Zanter iwwer 40 Joer gëtt et d’Band ronderëm de Sänger a Gittarist Dexter Holland elo schonn a mat 10 Studio-Albe wäerte se sécherlech e Repertoire hunn, dee grouss genuch ass, fir hire Fans eng zolidd Show ze bidden.
Zweete groussen Highlight um Kierchbierg dierft wuel sonndes de 5. Juli de Concert vun "Gorillaz" sinn. Fir d'lescht stoung d'Formatioun ronderëm de Museker Damon Albarn 2022 op der Bün vun der Rockhal. Mam neien Album "The Mountain", deen Ufank dëst Joer eraus komm ass, dierf de Public gespaant sinn op eng Mëschung tëscht neien Tracks an natierlech Klassiker wéi "Feel Good Inc." oder "Clint Eastwood". Gespaant dierf ee virun allem op hir Show sinn, déi een op d'mannst an der Vergaangenheet ëmmer an eng aner Welt andauche gelooss huet.
Dënschdes de 7. Juli trëtt dann den "Jamiroquai" bei der Luxexpo op, an dat am Kader vun enger ganz spezieller Tournée. D'Band feiert nämlech 30 Joer vun hirem Kult-Album "Traveling without moving" an d’Fans kënne sech op al Lidder wéi "Virtual Insanity" a "Cosmic Girl" freeën.
Gedanzt gëtt ganz bestëmmt och den Dag drop, den 8. Juli, wann de Lenny Kravitz d’Bün wäert rocken. No zwee Optrëtter an der Rockhal - 2019 fir d'lescht - suergt d’Rock-Ikon bei egal wéi engen Temperaturen et deen Dag dobausse wäerte sinn, sécher fir hëtzeg Stëmmung.
Fotoe vum leschte Joer:
Ma net just um Kierchbierg trieden an de nächsten Deeg a Woche grouss international Museker op, och zu Wolz kritt de Public sou munches am Kader vum "Festival de Wilz" gebueden. Zu den Highlights do zielt definitiv de Concert en Donneschdeg den Owend, 2. Juli, vum Keanu Reeves senger Band "Dogstar". Mat hirem fonkelneien Album "All In Now" si si dëse Summer op sëllege Festivallen uechtert Europa op Tournée. De Concert zu Wolz am wonnerschéine Kader vum Amphitheater ass dofir eng ideal Geleeënheet se vu ganz no ze gesinn an e gutt Stéck méi intim ze erliewen.
Fotoe vum leschte Joer:
Den Atelier organiséiert dann dëst Joer awer och fënnef Concerten an der Abtei Neimënster am Gronn. Optakt vun deene Concerte mécht Freides den 3. Juli de "Moby", deen iwwregens 2011 schonn ee Mol am Neimënster opgetrueden ass. Eng wonnerbar Kuliss fir eng Live-Show, déi vill versprécht an eng Mëschung vun al bekannte Lidder mat och méi neien Téin.
Méi douce Téin ginn et Donneschdes den 9. Juli mat "Beirut". Virun 10 Joer war d’Indie-Band schonn ee Mol am Grand-Duché, deemools an der Rockhal. Hir melancholesch, nostalgesch Musek wäert an der Abtei nach eemol méi verstäerkt zum Virschäi kommen a suergt bestëmmt fir eng ganz speziell Atmosphär, déi een net verpasse soll.
Fotoe vum leschte Joer:
Nieft de ville Concerte bei der Luxexpo oder der Abtei Neimënster ass de Weekend vum 3. bis de 5. Juli awer zum Beispill och nach de Kinneskwiss Loves mat ënnert anerem Concerte vun der Lëtzebuerger Formatioun "Englbert" oder dem belsche Singer-Songwriter "Milow".
Fotoe vum leschte Joer:
Enn Juli dann, vum 24. bis de 26., ass och erëm traditionell den Echterlive Festival, mam Headliner "James Morrison", dee säin neien Album do wäert presentéieren.
Fotoe vum leschte Joer:
E Bléck dann och nach bis an den August, wou wéi ëmmer den E-Lake Festival ass. Vum 7. bis den 9. August ass de Programm wéi all Joers ganz variéiert mat ënnert anerem de Lëtzebuerger Artisten "De Läb", "The Disliked", "Ultra World" oder och nach "Nea Lone".
Fotoe vum leschte Joer:
Fir all Musek-Begeeschterten dierft de Summer op alle Fall net langweileg ginn. D'Offer ass extrem grouss an och extrem variéiert a jidderee misst op eng Manéier oder déi aner op seng Käschte kommen. Mir wäerten Iech bei eis Online iwwer eng ganz Partie vun de Concerte souwuel Fotoe wéi och Artikele liwweren, fir de Fall, wou dir net konnt dobäi sinn oder einfach nach eemol e Concert Revue passéiere wëllt.