"Kinnekswiss loves" ass mëttlerweil ee feste Bestanddeel vum Summerprogramm an der Stad. All Joer zitt et dausende Leit fir d’Open-Air Concerten an de Stater Park. Mir ware bei de Preparativen dobäi. Bis E Freideg 17h00 Auer muss alles prett si fir den Optakt vum Open-Air Spektakel. Um Site goufen en Donneschdeg déi lescht Detailer gekläert.
Iwwer déi dräi Deeg stinn am Ganzen 10 Formatiounen op der grousser Bün. De Programm geet mëttlerweil wäit iwwer klassesch Musek eraus. Fir den éischten Dag e Freideg hu sech d'Organisateuren dëst Joer eppes Spezielles afale gelooss. De ganzen Owend iwwer suergen DJe fir gutt Stëmmung op der Bün: LADY CARO’ZART, ChiQa, GLN, Hoffi-Zambezi, NOSI an zum Schluss „Symphony of Unity“, den Orchester vum beléiften Tomorrowland-Festival.
D'Klassesch Musek soll awer net ze kuerz kommen. E Samschde steet, wéi och schonn déi Jore virdrun, den traditionelle Summerkonzert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker um Programm. Sonndes owes stinn Englbrt, The Manavelin Collective an de belsche Singer-Songwriter Milow op der grousser Open-Air-Bün.
Zejoert hate pro Dag ronn 10.000 Spectateuren de Wee op d'Kinnekswiss fonnt. Dëst Joer dierft de Bilan bei deem gudde Wieder änlech ausfalen.