Luxexpo Open-AirJamiroquai: Déi brittesch Funk-Band, déi zanter iwwer 30 Joer d'Leit danze léisst

Claudia Kollwelter
Jamiroquai huet en Dënschdeg den Owend op der Luxexpo bewisen, datt gutt Grooven an zäitlos Melodien och no iwwer 30 Joer näischt vun hirer Wierkung verluer hunn.

Wann een un Acid Jazz a Funk aus de 90er Joren denkt, kënnt ee kaum laanscht Jamiroquai. Mat hire markante Grooven, enger Mëschung aus Funk, Soul, Disco a Pop an der markanter Stëmm vum Sänger Jay Kay huet d'Band sech weltwäit en Numm gemaach.

Och méi wéi dräi Joerzéngten no hirer Grënnung bleift Jamiroquai eng Referenz fir modern Funk-Musek an huet en Dënschdeg den Owend fir gutt Stëmmung an Dance-Vibes zu Lëtzebuerg gesuergt.

1992 gouf d'Band ronderëm de Frontmann Jay Kay a Groussbritannie gegrënnt. Och wann een dem Sänger seng an tëscht 56 Joer zwar liicht ofgesäit, ass seng markant Stëmm nach eemol wéi d'anert an och säin exzentresche Stil a seng Bünepresenz sinn absolut net gealtert.

Seng aussergewéinlech Kappbedeckunge sinn iwwert d'Joren zum Markenzeeche ginn an och um Concert zu Lëtzebuerg huet hie sech et net huele gelooss, déi – genee wéi seng Tenue en gros – puer mol ze wiesselen. Och e puer vun den treie Fans hu sech et trotz waarmen Temperaturen net huele gelooss, e "plüschenen" Hutt unzedoen.

Den Jay Kay wierkt vun der éischter Sekonn u sympathesch, no un de Leit, an huet sech och Zäit geholl, de Fans an der éischter Réi Autogrammer ze ginn an hinnen d'Hand ze drécken.

Datt hien net méi de Jéngsten ass, huet hie selwer och net verstoppt an och dat war sympathesch. Wou hie bemol bei engem vun den éischte Lidder d'Lyrics net méi wousst, huet hien dat selwer als "Senior Moment" definéiert a gefrot, wéi vill Leit am Public iwwer 50 Joer hätten an dat novollzéie kéinten.

A beim Feedback dovun ass och kloer ginn, datt d'Altersmoyenne relativ ëm den Alter vum Jay Kay selwer loung.

Am Laf vun hirer Carrière huet Jamiroquai méi wéi 27 Milliounen Alben op der ganzer Welt verkaaft. Mat Lidder ewéi "Cosmic Girl", "Canned Heat", "Little L" oder "Love Foolosophy" ass d'Band op de gréisste Büne vun der Welt opgetrueden a bleift bis haut e feste Bestanddeel an der Live-Musekszeen.

Et huet mech dofir och verwonnert, datt de Site vun der Luxexpo fir de Concert vu Jamiroquai relativ eidel gewierkt huet.

Déi Leit, déi do waren, sinn awer an de Genoss komm vun enger Energie-geluedener Atmosphär an all Grond, d'Hëften ze schwéngen a sech goen ze loossen. Et war e Concert, deen einfach Loscht gemaach huet sech ze beweegen.

Obwuel et keen Impakt op d'Qualitéit vum Concert hat, ass opgefall, datt de Sänger selwer seng Problemer mam Sound am Ouer hat a bëssen domat gekämpft huet an onroueg ginn ass. Mee als erfuerene Museker huet den Jay Kay sech wierklech net vill dovun umierke gelooss a mat vill Humor, a souguer enger perfekter Trump-Imitatioun an engem Merci un d'Belsch, ass hien einfach immens mënschlech a sympathesch eriwwer komm.

D'Versioune vun de Lidder hu sech zwar deelweis bëssen ze laang gezunn, doduerch ass awer och Plaz gelooss gi fir instrumental Soloe vun der Band, déi all eenzel Museker op der Bün wierklech a Valeur gesat hunn.

Déi komplett Setlist vum Concert

(Don't) Give Hate A Chance // Little L // Seven Days in Sunny June // Space Cowboy // Alright // Shadow In The Night // Runaway // Disco Stays the Same // Travelling Without Moving // Canned Heat // Cosmic Girl // Love Foolosophy // Virtual Insanity

Back to Top
CIM LOGO