Méiglech AmokdotPolice mellt eng Rei Schwéierblesséierter, 16 Joer ale Verdächtege festgeholl

AFP
Bei enger presuméierter Gewaltdot an engem Lycée am bayresche Schongau sinn e Mëttwoch eng Rei Persoune blesséiert ginn, dorënner verschiddener och schwéier.
© CHRISTOPH PETERS/AFP

Wéi d'Police zu Rosenheim matdeelt, gouf och ee presuméierten Täter festgeholl, dëse soll verschiddenen däitsche Medien no 16 Joer al sinn. Eng genee Zuel u Blesséierten ass den Ament nach net bekannt.

Weider heescht et vun der Police, datt den Ament de Verdacht op eng Amoksituatioun besteet, déi genee Lag ass den Ament awer nach oniwwersiichtlech. D'Identitéit vum Verdächtege misst iwwerdeems och nach festgestallt ginn. D'Aart vun de Blessuren, wéi och d'Waff, déi den Ugräifer benotzt huet, ass den Ament och net gewosst. Berichter, d'Affer hätte Stéchblessuren erlidden, konnt eng Policespriecherin Medie géigeniwwer net confirméieren.

Back to Top
CIM LOGO