
Ier et en Donneschdeg mat de Véirelsfinalle lass geet, zéie mir mam Paul Philipp den Tëschebilan iwwer d‘Weltmeeschterschaft. Nieft deem Sportleche geet et natierlech och ëm d'Diskussioun ronderëm déi rout Kaart vum US-Amerikaner Balogun an dem Donald Trump seng Decisioun, fir beim FIFA-President Gianni Infantino z'intervenéieren. Datt dëst dann och nach geleaked gëtt, huet deem Ganzen d‘Kroun opgesat.
„Domadder hate se natierlech net gerechent, si wousste vläicht net, mat wiem se sech do géifen ofginn, dass et esou eraus komm ass. Et ass och scho vläicht an der Vergaangenheet geschitt, mee dann ass et e bësse méi clever gemaach ginn. Et ass natierlech eng riseg Katastroph fir de Fussball an am Ufank huet een et net richteg gegleeft.
Wann dann natierlech op där anerer Säit sech nach domadder gebretzt gëtt, datt een zwar net weess, wat eng rout Kaart ass, mä datt een et awer fäerdeg bruecht huet, datt hien dierf spillen, jo domadder ass dem Futtball net gehollef. Domat huet een der Glafwierdegkeet vum Futtball keen Déngscht geleescht, dat ass vläicht dem Här Trump egal, mee dat däerf engem Infantino net egal sinn, an eis alleguer, déi de Futtball gären hunn scho guer net.“

D‘UEFA huet hirersäits an engem Statement de Weltverband zolidd kritiséiert a geschriwwen, datt eng rout Linn iwwerschratt ginn ass. Déi europäesch Verbänn kënne sech, wann et haart op haart kënnt, net op de Support vum Rescht verloossen, sou de Paul Philipp.
„Ech weess awer och, an dat ass esou, datt d'UEFA relativ eleng do steet an deem do Fall, well einfach op där anerer Säit d'Sympathië vun de Verbänn méi bei de jëtzege President vun der FIFA ginn. Nawell mussen eis Vertrieder et zumindest eng Kéier versichen op eng Place public, op e Kongress, eng Diskussioun eran ze kréien, well dovunner hu se eng grouss Angscht. Dat hunn ech bis elo nach net erlieft. Mee et ass ganz kloer, datt dat do elo versicht gëtt, fir iergendwéi ënnert den Teppech ze kréien. Dat wësse mer alleguer.“
D‘Fro, déi am Raum steet, ass, wéi eng Konsequenzen dee ganze Skandal nach mat sech bréngt, wann d‘WM bis eriwwer ass, a wéi den Exekutiv-Comité reagéiert.
„Et ass awer elo net, well d'Amerikaner de Match verluer hunn, datt duerfir de Problem manner grouss ass. Also d'Katastroph ass geschitt. Ech si mol gespaant, et sinn der jo, déi am FIFA Board sinn, déi soen, datt obschonn elo d'Amerikaner eliminéiert sinn, datt se et net wéilten dobäi loossen. Ech si gespaant, wat déi no Zukunft do wäert bréngen oder ob erëm versicht gëtt, dann de Fësch ze erdrénken.“

Brasilien, Portugal an Däitschland sinn eraus. Beim DFB huet de Julian Nagelsmann misste säi Posten opginn. Ganz Däitschland erwaart lo de Jürgen Klopp als neien Bundestrainer. Dem Paul Philipp no wier et dee richtege Schratt, allerdéngs bei wäitem net deen eenzegen, dee muss gemaach ginn.
„Fir e bësse Rou ze kréien, fir e bëssen eng Euphorie ze entfachen, mee haaptsächlech fir Rou ze kréien. Datt de Klopp en exzellenten Trainer ass, dat huet e bewisen, hien ass iwwer Dortmund op Liverpool gaangen, dat brauch een net méi ze beweisen. Mä de Problem ass un der Wuerzel, deen ass natierlech net domadder geléist an do si mer bei deem, wat wichteg ass, et muss ee fir d'éischt emol der Realitéit an d'Gesiicht kucken, mä fir dat kënnen ze maachen, brauche se e bësse Rou an ech mengen, da mussen och aner Leit kommen, déi hëllefen, e Programm maachen. Et gëtt jo notamment vum Mertesacker geschwat, well dee jorelaang bei Arsenal London an der Jugendaarbecht täteg war an do eppes opgebaut huet.“
Et ass bis elo d‘WM vun de grousse Staren. De Lionel Messi dréit alt nees Argentinien op de Schëlleren, den Erling Haaland ass praktesch net ze stoppen. De Kylian Mbappé ass decisiv fir Frankräich an den Harry Kane quasi d‘Liewensversecherung vun England.
„Wann ee beim Erling Haaland lo just seng zwee Goler géint Brasilien kuckt, wéi hien et fäerdeg bréngt, sech selwer e bëssen aus dem Match ze huelen. Wéi e virun de Goler quasi iwwert den Terrain trëppelt an dann op emol explodéiert, als éischt säi Kappball an dann dee Schoss, et ass schonn ee Genoss, deem nozekucken. Déi grouss Spiller, bis op e puer Ausnamen, si richteg do. De Lionel Messi mat 8 Goler an souguer nach 2 Eelefmeter, déi hien verschoss huet. De Kylian Mbappé an den Harry Kane dierf een net vergiessen, dat sinn alles Spiller, déi voll do sinn an och doduerch sinn hir Equippen an de Véierelsfinallen dobäi.“

Em d‘Arbitteren a VAR-Decisioune ginn et ganz vill Diskussiounen. Et ginn awer dem Paul Philipp no och Saachen, déi gutt sinn. Wéi zum Beispill, datt d‘Spiller dozou bruecht ginn, manner ze simuléieren an um Buedem leien ze bleiwen. Wat par rapport zu der Champions League Saison zum Beispill opfält ass, datt de Golkipp am 5-Meter-Raum nees komplett geschützt gëtt an do vill Situatiounen ofgepaff ginn.
„Dat ass gutt, wann dat esou ass, mä et wier awer net schlecht gewiescht, wa Collina a Co dat och richteg kommunizéiert hätten. Ech ginn dovun aus, datt d‘Trainer an d‘Spiller et zwar wossten, mä awer soss keen, well an de Reegele steet et esou net. Wann ee scho Reegelen ännert, déi souguer deelweis Sënn maachen, da muss een dat awer och festhalen.“
En Donneschdeg geet et da sportlech virun. Den Optakt vun de Véirelsfinallen ass um 22 Auer mat der Partie Frankräich géint Marokko.
Op d‘Fro wien Weltmeeschter géif ginn, sot de Paul Philipp: „Wann alles normal leeft, Frankräich, mä et leeft bal ni normal“.