Huet sech den Immobiliemarché zanter der Hausse vun den Zënsen an der Baukris viru bal véier Joer erholl oder dréint déi komplex Maschinn nach ëmmer net ewéi se soll? Mir maachen e Méindeg de Moien hei op RTL de Point iwwert d’Situatioun an zwar mam Immobilien-Expert a Vizepresident vun der Chambre Immobilière Jean-Paul Scheuren. Mir froen hien och, wat a sengen Ae misst geschéien, fir datt d’Finanzéierung nees besser fléisst a Projeten tatsächlech realiséiert ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.