Erwaart gi sech bis e Sonndenowend bei schéinstem Wieder eng 50.000 Leit. Den Ufank hu moies traditionell d'Schoulklasse gemaach. Am ganze goufen 3.500 Kanner mat hiren Enseignanten zu Ettelbréck empfaang. A fir si an déi vill aner Familljen, déi de Weekend nach dierfte laanschtkommen, hunn d'Aussteller ganz vill verschidden Ateliere parat.
D'Foire agricole gëtt et elo schonn 43 Joer a si huet sech vun enger Bauerenausstellung zu engem eenzegaartegen Aushängeschëld vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft entwéckelt. Alles an allem stellen dëst Joer eng 380 Aussteller hir Wueren aus. Vun Déieren, iwwer Liewensmëttel, bis hin zu Landwirtschaftsmaschinnen natierlech, mä et geet wäit doriwwer eraus. D'Anne Dirske, eng vun de Responsabele vum Organisatiounscomité a Cheffe de projet aus dem Lycée agricole:
"De groussen Deel vun Aussteller, déi heihinner kommen, déi kommen all Joers heihinner. An et muss ee soen, do gëtt ee schonn eng grouss Famill, wann een dat esou ausdrécke kann. Mir hunn awer all Joers - an do si mer awer och frou drëms - ëmmer nei Aussteller, och aus dem Ausland. An dat mécht eis vill Freed, well mer einfach gesinn, dass och fir d'Aussteller d'Foire ganz interessant ass. An do kucke mer, dass mer se alleguer hei an den Däichwisen ënnert eng Plaz kréien."
Op der Foire agricole dierfen awer och ganz klassesch Elementer, wéi national an international Concoursen, wou déi schéinsten a beschte Béischte gekréint ginn. Déi kruten e Freideg de Moien, ier et lassgoung, nach dee leschte Schlëss, wéi de Frank Recken vu Convis erkläert
"E bëssen dru geschuer, dat heescht, mir maachen eenzel Hoer, déi ze vill sinn, ewech an déi aner gi ropgekämmt, déi aner gär erofgekämmt. Mam Kämmen, wenn s de dräi Zentimeter Hoer hues, kanns de e bëssen an der Breet an der Längt e bësse spillen an natierlech d'Leit wëllen hir Béischte propper presentéieren, et soll jo eng Reklamm fir de Betrib sinn. Et sinn hir wäertvoll Béischte vum Betrib, déi hei stinn an dofir passen d'Leit scho gutt drop op."
Dëst Joer steet d'Foire agricole ënnert dem Motto "Reconnect". Et geet speziell drëms, d'Liewensmëttelproduktioun an déi lokal Lëtzebuerger Produzenten an de Fokus stellen an hinnen d'Méiglechkeete ginn, fir ze weisen, wat se alles Guddes maachen. An engem Kontext, wou de Weltmarché ville Baueren et dacks schwéier mécht a vu Bréissel wuel an den nächste Jore manner Suen dierfte fléissen.
D'Organisateure roden de Leit, am beschte mam ëffentlechen Transport op Ettelbréck ze kommen. Vun der Ettelbrécker Gare fueren extra Trakter-Navetten. Oder et benotzt een ee vun de Park and Riden, zum Beispill um Karelshaff.
D'Claude Zeimetz op der 43. Editioun vun der Foire agricole