Concert an de RotondesFrancis of Delirium presentéiert neien Album

Claudia Kollwelter
D'Band ronderëm d'Sängerin a Songwriterin Jana Bahrich huet mat enger energiegeluedener Performance en Donneschdeg den Owend an de Rotondes bewisen, firwat si zu de spannendsten Nimm an der alternativer Museksszen zielt.
© Claudia Kollwelter

"Run, Run Pure Beauty" heescht den neien Album vu Francis of Delirum, deen d'Band am ausverkaafte Sall an de Rotonden en Donneschdeg presentéiert huet. Mat enger Mëschung vu Gittareriffer, déi ee gepaakt hunn, emotionalen Texter an der markanter Stëmm vum Jana Bahrich huet de Set eng Atmosphär tëscht Intimitéit an explosiver Dynamik geschaaft.

Déi nei Songs vun der Band hunn net nëmmen hir musikalesch Qualitéit bewisen, mee och, wéi vill de Songwriting vu Francis of Delirium an de leschte Jore gewuess ass. Ouni grouss Effekter oder opwänneg Inzenéierung stoung d'Musek konsequent am Mëttelpunkt.

D'Interaktioun mam Publikum war authentesch, natierlech, ongezwongen an huet op en Neits bewisen, datt d'Sängerin trotz dem Succès vun hirer Band mat de Féiss um Buedem bliwwen ass.

De Concert huet nach eemol gewisen, datt Francis of Delirium sech net hannert méi groussen internationalen Nimm verstoppe muss. Mat hirer eegener musikalescher Identitéit an enger impressionanter Live-Energie huet d'Band e staarken Androck hannerlooss a Loscht op hiren neien Album gemaach.

D'Album-Release-Show an de Rotondes war de Beweis, datt Francis of Delirium sech zu enger vun de markantste Stëmmen an der Lëtzebuerger Musekszeen entwéckelt huet an et dierf ee gespaant sinn, wat d'Zukunft fir d'Band an hir Fans bréngt.

Liest dozou och den Artikel zum neien Album vun eise Kolleege vun RTL Today

Back to Top
CIM LOGO