
Um Samschdeg leet den DJ Nosi nees beim Tomorrowland op. Fir déi zweete Kéier ass de Lëtzebuerger bei dësem elektronesche Festival dobäi. Um Freideg ass den Eric Nosbusch, alias DJ Nosi, schonn zu Bréissel ukomm, fir dëse Samschdeg ouni Stress op de Site ze kommen. Zu Boom, bei Antwerpen gëtt dëse Festival vum 17. bis de 26. organiséiert. "Um Tomorrowland nees däerfen dobäi ze sinn, ass méi ewéi eng Éier. Déi ganz Woch iwwer war ech schonn dobäi de Set ze preparéieren. Et mécht ee sech ganz vill Gedanken, well et dee wichtegsten Datum am Joer ass", esou de 26 Joer jonke Lëtzebuerger.
Enn d'lescht Joer, ugangs 2026 gouf den DJ Nosi nees op den Tomorrowland invitéiert. "Als DJ däerfen op dësem Festival opzeleeën, ass ewéi fir e Sportler, dee gäre wéilt bei enger Weltmeeschterschaft oder enger Olympiad deelhuelen. An eiser Zeen huet Tomorrowland en héije Stellewäert".
Op der Crystal Garden Stage ass den Eric Nosbusch e Samschdeg de Mëtteg vun 15 bis 17 Auer aktiv. Den DJ Nosi ass ganz happy doriwwer. Par Rapport zu zejoert leet hien elo méi spéit an och méi laang op. Als grouss Chance gesäit hien dëst.
32 Lidder gi gebraucht, fir duerch zwou Stonne Programm ze kommen. "Op esou Festivaller däerf een ni soen, wat méi Lidder, wat besser. Et ass méi wichteg, net ze vill Lidder ze hunn, an e Vibe ze hunn, datt d'Lidder laang genuch lafen."
Et wär wichteg, sech selwer ze sinn op der Bün. Dëst erzielt mir den Eric wärend dem Interview. An dat géif hien och ëmmer duerchzéien. "Authentesch bleiwen a genuch domm schwätzen, dat spillt och eng grouss Roll a net nëmmen d'Musek. Um Buedem bleiwen a versichen, d'Leit esou gutt ewéi méiglech z'ënnerhalen, ass net onwichteg".
Am Oktober 2016 huet den Eric Nosbusch als DJ ugefaangen. Deemools hat hie 16 Joer. "Esou laang een et fillt a motivéiert ass, gëtt et keng Limitt." Eng gewëssen Nervositéit verspiert den DJ Nosi fir e Samschdeg awer. "Dat ass awer alles mega gesond. Et däerf ee sech just net mell maachen. D'Aarbecht ass gemaach, meng Lidder si prett. Elo ass et wichteg, esou relax ewéi méiglech ze bleiwen, well muer ass een egal wei nervös. An dat ass och gutt. Et soll engem jo och net egal sinn".