
Den EDSUN war beim Loïc Juchem am Studio an huet seng nei Single “Late Night Smokin” presentéiert. Et ass e verdreemte Song iwwer Léift, déi een déif a sech dréit – ouni de Courage ze hunn, doriwwer ze schwätzen. Den EDSUN fänkt intim Momenter an, déi sech wéi e Paradäis ufillen, och wa se wësse loossen, datt se net fir ëmmer unhalen. Tëscht der Rou vun de spéide Nuechten an dem fréie Moie schwankt de Song hin an hier. De Song ass en Deel vum EDSUN senger kommender EP an ass och am Theaterstéck “MOTH” ze héieren, dat dir vum 27. Februar un am Mierscher Theater kucke kënnt. Och iwwert dës Performance hu mir mam Artist geschwat.

De Serge Tonnar ass invitéiert op eng Partie Concerten “an der Däischtert” an der Banannefabrik an der Stad. Den 1. Mäerz ass den éischten Optrëtt. De Concert ass ganz ouni technesch Mëttelen, keng Luuchten a keng Anlag, ganz am Däischteren.

Lauschtert hei nach emol alleguerten d’Lidder aus der Sendung: