Natierlech net d’Sprooch u sech, déi gëtt et jo scho vill méi laang, ma um Méindeg viru 35 Joer ass dat sougenannte Sproochegesetz a Kraaft getrueden.

Um Sonndeg sinn et genee 35 Joer hier, datt d'Sproochegesetz hei am Land ënnerschriwwe gouf. De 24. Februar 1984 koum deemno d'Sproochegesetz an d'Chamber. Et war dat éischt Gesetz, dat d'Lëtzebuerger Sprooch iwwerhaapt als eng Sprooch deklaréiert huet. D'Gesetz vun 1984 erkläert Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch hei am Land als 3 gläichberechtegt administrativ a juristesch Sproochen. Am September zejoert ass d'Gesetz du geännert ginn, andeems d'Dispositiounen iwwert d'Gebäerdesprooch bäigesat gouf.

De François Conrad, deen op der Uni Hannover e Cours an der Luxemburgistik gëtt, war dës Woch den Invité um Radio an huet ënnert anerem betount, datt nach ni vun esou vill Leit Lëtzebuergesch geschwat géing ginn, wéi den Ament.

AUDIO: Extrait François Conrad (1)

Et wier sech nach ni esou vill mat der Sprooch beschäftegt gi wéi elo, seet de François Conrad. Zu Lëtzebuerg, mee och doriwwer eraus. D'Lëtzebuergescht wär eng ganz interessant Sprooch an och fir international Sproochen ze verstoen, wär eis Sprooch immens wäertvoll, sou de François Conrad.

AUDIO: Extrait François Conrad (2)

Op RTL.lu kënnt Dir nach eng Kéier déi komplett Sendung vum François Conrad lauschteren:

No 35 Joer Sproochegesetz wier et Zäit fir en nächste Schrëtt, fënnt d'Aktioun Lëtzebuergesch. D'a.s.b.l. huet sech d'Missioun ginn, eiser Sprooch ze hëllefen, déi Rechter ze verschafen, déi se ze gutt huet. Dass Lëtzebuergesch deemools offiziell eis Nationalsprooch ginn ass, gëtt natierlech begréisst, mee elo sollt een trotz allem dee Passus am Gesetz änneren, deen d'Administratiounen hei am Land betrëfft: de Patrick Kaell vun der Aktioun Lëtzebuergesch iwwer hir Fuerderung den "dans la mesure du possible" aus dem Text erauszehuelen.

AUDIO: De Patrick Kaell, Sekretär vun der Aktioun Lëtzebuergesch

Si géife sech och wënschen, dass Staat a Gemengen op hiren Internetsäite méi dacks géifen op Lëtzebuergesch schreiwen.

Méi a Bild an Toun och den Owend am Journal op der Tëlee.

Schreiwes vun der Aktioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch

Pressecommuniqué

35 Joer Sproochegesetz: D'Sproochegesetz war e Succès, mee kéint un déi aktuell Situatioun ugepasst ginn!

De 24. Februar 2019 ass et 35 Joer hir, datt d'Sproochegesetz vun 1984 ënnerschriwwe gouf. Et ass ënnert anerem der konsequenter Aarbecht vun de Membere vun der «Actioun Lëtzebuergesch» ze verdanken, datt 1984 d'Sproochegesetz an d'Chamber koum. Den 23. September 2018 ass d'Gesetz geännert ginn, andeems d'Dispositiounen iwwer d'Gebäerdesprooch dobäigesat goufen.

D'Gesetz vun 1984 definéiert expressis verbis keng offiziell Sprooch, mee erkläert Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch hei am Land als 3 gläichberechtegt administrativ a juristesch Sproochen. Franséisch gëtt d'Referenzsprooch vun eise Gesetzestexter, a Lëtzebuergesch gëtt zu eiser Nationalsprooch erhuewen. Et ass dat éischt Gesetz, dat eis Sprooch iwwerhaapt als eng Sprooch, an domat net als Dialekt deklaréiert.

Viru 35 Joer gouf et schonn eng beschreiwend Grammaire vum Robert Bruch, en Dictionnaire, dee vun der lëtzebuerger Regierung an Optrag gi gouf, an 1977 eraus koum, wéi och eng Orthographie déi 1975 an engem Reglement festgehale gouf.

35 Joer méi spéit, ass d'Lëtzebuerger Sprooch weider standardiséiert an dokumentéiert ginn. Et gi Coursen, informatescht Hëllefsgeschiir wéi z.B. Spellcheckeren, Conjugatiounstabelle fir Verben, Deklinatiounstabelle fir Adjektiver, en offiziellen Online Dictionnaire an esouguer e Master Studiegang am Lëtzebuergeschen.

An deem Aspekt, stellt sech d'Fro, ob am Artikel 4 d'Formuléierung «dans la mesure du possible», déi deemools sécher hire Sënn hat, hautdesdaags net duerch eng aner Formuléierung, déi eiser Méisproochegkeet an der Entwécklung vum Lëtzebuergesche méi gerecht gëtt, kéint ersat ginn, z.B. duerch:

Lorsqu'une requête est rédigée en luxembourgeois, en français ou en allemand, l'administration doit se
servir, pour sa réponse, de la langue choisie par le requérant. La traduction des annexes, des citations et des
documents de support, tels que des extraits de loi ou des documents techniques n'est pas obligatoire dans le
contexte de la réponse.

Mir als «Actioun Lëtzebuergesch», géifen äis och freeën, wa méi Websäite vu Staat a Gemenge méisproocheg wieren, och op Lëtzebuergesch. E kuerze Begréissungstext op Lëtzebuergesch, e ganz einfache Geste, wier op all Websäit vu Staat a Gemeng op alle Fall e gudden Ufank.