Péckvillercher am Superjhemp-Look
Et ass eng Erfolleggeschicht, déi viru ronn 30 Joer ugefaangen huet an en Enn schéngt se net ze hunn: d'Geschicht vum Superjhemp.
D'lescht Joer koume seng Aventuren um groussen Ecran eraus. Mee net nëmmen d'Filmwelt huet sech un de Lëtzebuerger Superheld inspiréiert. Péckvillercher am Superjhemp-Look ginn et nämlech gläich och. An d'Geschicht hannert dem Lëtzebuerger Superheld erzielt de Lucien Czuga a Lycéeën uechtert d'Land. Mir ware bei der Gebuert vum "Vulle-Jhemp" dobäi an hunn nogefrot, wat de Lucien Czuga deene Jonke wëllt matdeelen. De Marc Einsweiler hat d'Iddi. 275 Péckvillercher stinn elo prett fir d'Nouspelter Eemaischen op Ouschterméindeg. Un all eenzele Péckvillchen huet hien ongeféier 2 Stonne geschafft. Vill laang Owenter huet hien un all klengem Detail gekniwwelt. An dat huet och säi Präis: 100 Euro pro Péckvillchen. De fäerdege Péckvillche gëtt an engem Kachkéis-Dëppche verkaf. D'Iddi vum Vulle-Jhemp ass duerch en Zoufall entstanen.
Fir de Lucien Czuga ass et eng Freed, wann de Superjhemp ëmmer erëm op verschiddenen Aart a Weisen an d'Liewe geruff gëtt. 5 vun de Vulle-Jhempe gi vum Lucien Czuga ënnerschriwwen a versteet. Den Erléis geet un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner.
Fir dass de Superjhemp weiderlieft, suergt de Lucien Czuga och selwer. Hie besicht schonn zanter ville Jore Schoulen an erzielt de Jonken, wéi hien an de Roger Leiner de Superjhemp an d'Liewe geruff hunn. D'Stéchwuert: Kreativitéit. Hie ka sech nach ganz genau un de Moment erënneren, wou de Superjhemp entstanen ass. E Moment, deen am Numm vun der Kreativitéit stoung.
E Film. Péckvillercher. Lycéestouren. D'Erfolleggeschicht "Superjhemp" schéngt also esou bal keen Enn ze hunn.