Actioun LëtzebuergeschGemeng Nidderaanwen fir Internetsite op Lëtzebuergesch priméiert

Luc Marteling
Als Auszeechnung gouf et d'Éiereplackett "Dicks-Rodange-Lentz" am Sëlwer.
Houfreg: De President vun der AL, Claude Bache (lénks), iwwerreecht dem Nidderaanwener Buergermeeschter Fréd Ternes d'Éiereplackett "Dicks-Rodange-Lentz" am Sëlwer.
Houfreg: De President vun der AL, Claude Bache (lénks), iwwerreecht dem Nidderaanwener Buergermeeschter Fréd Ternes d’Éiereplackett “Dicks-Rodange-Lentz” am Sëlwer.
© Luc Marteling

D’Plaz war net zoufälleg gewielt: Fir hiren traditionellen Neijoerschpatt e Samschdeg de Mëtteg hat d’Actioun Lëtzebuergesch (AL) an d’Gemengenhaus op Ueweraanwen invitéiert. De Grond: D’Gemeng Nidderaanwen gouf fir hiren Engagement fir d’Lëtzebuerger Sprooch geéiert.

Eng 50 Frënn vun der AL respektiv vun der Lëtzebuerger Sprooch waren an d’Nidderaanwener Märei komm. Ënner de Gäscht ënnert anerem den AL-Éierepresident Lex Roth, de Linguist Jérôme Lulling, de fréiere Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy grad ewéi den Alexandre Ecker an den Armand Becker vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch.

A senger Usprooch ass den AL-President Claude Bache op d’Erausfuerderunge fir d’Lëtzebuerger Sprooch, awer och op déi vun enger klenger ASBL agaangen. Well si am Genoss war vun der “Utilité publique”, wier d’Actioun als grouss ASBL agestuuft ginn an hätt mam neien ASBLs-Gesetz all Joer missen eng deier Finanzkontroll iwwer sech ergoe loossen – déi hätt méi kascht, wéi iwwerhaapt Suen an der Keess wieren. Dofir hätt een d’Utilité publique leider mussen opginn, et wier een dem Kulturministère awer dankbar, datt d’Leit d’Actioun Lëtzebuergesch elo awer iwwer de Fonds Culturel National (Focuna) kéinten ënnerstëtzen, mat steierleche Virdeeler.

Wat sech déi Benevole vun der AL viru méi wéi 50 Joer op de Fändel geschriwwen hätten, géif haut zu engem gudden Deel vun aneren Institutioune mat feste Mataarbechter a mat méi Budget geleescht ginn. Ma trotz där Professionaliséierung kéint een och als kleng ASBL nach Saachen ustoussen an eppes bewierken.

E mëtschgiewege “Pionéier”

No senger Ried huet de Claude Bache der Gemeng Nidderaanwen d’Sëlwer-Plackette “Dicks-Rodange-Lentz” 2026 iwwerreecht. D’Begrënnung dofir war, datt si hir ganz Websäit op Lëtzebuergesch iwwersat huet an den Text vun der Iwwersetzung och deenen anere Gemenge gratis zur Verfügung stellt.

De Buergermeeschter Fréd Ternes, deen Auszeechnung entgéintgeholl huet, huet sech iwwer d’Unerkennung fir d’Aarbecht vun der Gemeng gefreet an drun erënnert, datt an der Gemeng Nidderaanwen eng honnert Nationalitéite liewen. Wéi hie viru ville Jore proposéiert hat, um online Site vun der Gemeng och op Englesch ze informéieren, wier dat net iwwerall gutt ukomm. De Kompromëss wier deemools gewiescht, nieft Däitsch a Franséisch dann och Lëtzebuergesch an Englesch ze offréieren.

Deen Engagement gouf zejoert offizialiséiert: Den 31. Mäerz 2025 hunn de Kulturministère, den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) an d’Gemeng Nidderaanwen eng Konventioun ënnerschriwwen, mat där si sech engagéieren, d’Lëtzebuerger Sprooch an der Gemengenadministratioun ze fërderen a se méi siichtbar ze maachen. “D’Gemeng Nidderaanwen ass zënterhier Pionéier, wat de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen op hiren Internet-Säiten ugeet”, esou de Claude Bache. “Dee Site ass – nieft villen anere Sproochen – och integral op Lëtzebuergesch. Mat kuerzen, awer prezise Sätz kann de Bierger do all néideg Informatioune fannen, déi hie vu senger Gemeng kréie wëllt.”

D’Konventioun erlaabt och, datt den ZLS d’Sproochen-Date vun der Gemeng kann asetzen an deenen Outillen, déi vum Zenter entwéckelt goufen, zum Beispill der “Sproochmaschinn” oder der “Schreifmaschinn. D’Zil wier et, datt eng Kéier déi ganz Informatiounen a Lëtzebuergescher Sprooch och all deenen anere Gemengen am Land kënnen zur Verfügung gestallt ginn.

Éischte lëtzebuergeschen Text virun 200 Joer

Op den Dag virun engem Mount, den 10. Dezember 2025, hat d’Actioun Lëtzebuergesch och drun erënnert, datt et du genee 200 Joer hier waren, datt deen éischten zesummenhängenden Text op Lëtzebuergesch gedréckt gouf. “Den Text ass e Gedicht iwwer een aarmen Drénker mam franséischen Titel Les derniers Vœux d’un Ivrogne a koum am Luxemburger Wochenblatt, Ausgab 50/1825, eraus”, esou den AL-Sekretär Patrick Kaell a senger E-Mail. Déi Ausgab wier och an der eLuxemburgensia nozekucken.

“Den Text gouf anescht wéi déi däitsch Artikelen an der Zeitung net an der Fraktur-Schrëft gedréckt, mee an der Antiqua-Schrëft grad esou wéi déi franséisch Artikelen”, schreift de Patrick Kaell. “Dëst ass eng Praxis, déi spéider am Laf vum 19. Joerhonnert vu ville Schrëftsteller iwwerholl gouf, eng bekannt Ausnam sinn dem Michel Rodange seng Wierker op Lëtzebuergesch, déi op Wonsch vum Rodange a Fraktur-Schrëft gedréckt goufen.”

Virdrun hätt et keen zesummenhängende gedréckten Text op Lëtzebuergesch ginn: “Just e puer vereenzelt Wierder an Nimm, zum Beispill vereenzelt Wierder a kuerz Sätz an der Zeitung Luxemburger Wochenblatt oder e puer Nimm an de Rechnungsbicher vun der Stad Lëtzebuerg. Méi al Texter goufe vum blannen Theis Mathias Schou just a mëndlecher Form gesammelt a verbreet, dozou gehéiert och dat bekannt Lidd Zu Arel op der Knippchen”, esou de Patrick Kaell. Natierlech hätte mir och nach de “Codex Mariendalensis” iwwer d’Liewe vum “Yolanda vu Veianen”, aus dem 13. Joerhonnert, mee dat wier e ganzt anert Kapitel.

10. Dezember 2025: Virun 200 Joer an engem Mount gouf deen éischte méi laangen Text op Lëtzebuergesch opgesat.
© Actioun Lëtzebuergesch (zur Verfügung gestallt vun hir)

An der Matdeelung vun der Actioun Lëtzebuergesch vun Ufank Dezember housch et weider: “Am Kontext dozou koum dat éischt Buch op Lëtzebuergesch knapps 4 Joer méi spéit 1829 mam Titel E’ Schrek ob de’ Lezeburger Parnassus eraus. Dëst Buch gouf genee esou wéi d’Luxemburger Wochenblatt an der Dréckerei Jacques Lamort gedréckt a besteet aus enger klenger Sammlung vu Gedichter an engem Kapitel iwwer d’Lëtzebuerger Grammatik an enger Erklärung iwwer d’Orthografie, déi am Buch benotzt gëtt. Den Auteur war den Antoine Meyer, dee spéider Mathematiker op der Universitéit zu Léck ginn ass.”

Neijoerschpatt vun Actioun Lëtzebuergesch
Fir hiren traditionellen Neijoerschpatt e Samschdeg de Mëtteg hat d’AL an d’Gemengenhaus op Ueweraanwen invitéiert.

Back to Top
CIM LOGO