Den Artur Brauner ass um Sonndeg zu Berlin am Alter vun 100 Joer gestuerwen. Dat huet seng Famill confirméiert.

Hien hat 300 Filmer produzéiert wéi ënner anerem "Der brave Soldat Schweijk, "Die weisse Rose" an "Hitlerjunge Salomon".

Den Artur Brauner hat den Holocaust iwwerlieft a wier an engem Mount 101 Joer al ginn.