E Mëttwoch gouf an der Chamber iwwert den archeologesche Site zu Schieren diskutéiert.

De liberalen André Bauler hat sech un d'Kulturministesch Sam Tanson adresséiert, well hien hei op der Antenne héieren hat, wéi d'Cheffin vum Centre de peintures murales vu Soissons betount huet, datt d'Réimervilla zu Schieren eng ideal Plaz an en ideale Sujet fir e Musée wier.

Et ass nach net gewosst, a wéi enger Form de Site zu Schieren dem Public zougänglech gemaach gëtt, awer et ass sécher, dass dës Plaz an Zukunft wäert valoriséiert ginn, sou d'Sam Tanson. Dëst gëllt och fir de Site zu Duelem, wou impressionnant Saache fonnt goufen. Nächst Joer gëtt probéiert, e Kader fir béid Plazen ze fannen a se an engem pädagogesche Kontext ze weisen, betount d'Kulturministesch.

Sam Tanson iwwert Réimervilla zu Schieren

Antik Foussspuren a vill verkueltent Holz

Eng jonk Fra knéit um Buedem a botzt mat engem Biesem an eppes wat vaguement ausgesäit, wéi e Fësch oder eben wéi en Ofdrock vun engem plakege Fouss. Där Ofdréck gëtt et méi an enger Linn, lénks/riets, lénks/riets, just baussent dem grousse Raum vun der Réimervilla, enger enorm grousser gutt Stuff aus der Réimerzäit, e Representatiounsraum, deen d'Ekipp vun der Véronique Biver an de leschte Wochen deblayéiert huet.

D'Ofdréck vun de Féiss aus der Réimerzäit lafe just laanscht eng Linn, déi wuel d'Dierschwell vum grousse Festsall war, wou se kierzlech d'Wandmolereie fonnt hunn. D'Dier war aus Holz an ass verbrannt, wéi d'Villa zerstéiert ginn ass. Wat do genee verbrannt ass - Plafong, Buedem, Miwwelen - dat muss elo analyséiert ginn.

Réimervilla Schieren (2)

Vill Aarbecht a Kappzerbrieches kënnt op d'Archäologen och bei engem anere Sujet duer. Et kéint emol sinn, datt ënner dem elo gebotzten antike Fousssbuedem en zweeten nach méi ale läit, ee mat engem Mosaik. Esou ass dat mat dëser Réimervilla: si stoung laang do an ass dacks renovéiert a verännert ginn, ier se an de Koup gefall ass.

Ideal Plaz fir e Musée opzemaachen

D'Réimervilla vu Schieren wier déi ideal Plaz an den ideale Sujet fir e Musée, eben zu Schieren, seet d'Spezialistin Sabine Goetembril, déi vu Soissons eropkomm ass, fir déi nei Decouverte vu Wandmolereien zu Schieren ze analyséieren. Et soll och geplangt ginn, wéi déi Fresken erhale kënne ginn.

AUDIO: Villa zu Schieren / Reportage Nico Graf

D'Nordstrooss dauscht permanent an och de Reen dauscht um Zelt, dat iwwer engem Deel vun der Réimervilla opgeriicht ginn ass. D'Sabine Goetembril, d'Cheffin vum Centre de peintures murales zu Soissons, déi eminent Spezialistin, steet am Zelt a freet sech offensichtlech iwwer dat, wat hir Lëtzebuerger Kollegen a Kolleginnen do an der Lescht ausgegruewen hunn, also d'Häerz vun der Villa, déi net egal wiem gehéiert hätt, mä wuel engem räiche Réimer, dee vill Land besiess huet an donieft och wuel e wichtege Politiker war. Esou kann ee gesinn, wéi dës Persoun mat senger Famill gelieft huet.

Dat eigentlecht Zil vun hirem Openthalt zu Schieren ass et. Nieft wëssenschaftlechem Interessi ass et zu studéieren, wéi een déi réimesch Wandmolereien erhale kann, op der Plaz, fir all Zukunft. Dofir wëll een déi Molereien op der Mauer erhalen, fir se der Ëffentlechkeet spéider hi weisen ze kënnen.

Dat hätt een nämlech seelen: Wandmolereien an enger Héicht vu iwwer engem Meter, schéin erhalen. Zwar hätte sech d'Pigmenter duerch e Feier verännert, aus Giel ass Rout ginn, mä déi gemoolte Marber-Imitatiounen an déi geometresch Mustere sinn däitlech ze gesinn. An duerfir d'Utopie vun der Fachfra, déi sech heivir e Musée géif wënschen. Esou kéint een d'Mauere erhalen a Schützen. Esou kéint een zu der dier vum Musée eragoen an et wier een direkt an der Villa.

Well a Gallien ass dat, wat do zu Schieren lues a lues ausgegruewe gëtt, eppes Spezielles. Esou Maueren ze fannen wier an eise Regiounen éischter d'Ausnam.

An da geet d'Sabine Groetembril vu Steekoup zu Steekoup, alles Reschter vun der Villa, déi eben an de Koup gefall ass, an iwwerall fënnt si weider Spure vu Wandmolereien, déi nach am Buedem leien an ausgegruewe musse ginn. A wann se dat da sinn, musse se conservéiert ginn. Eng Heedenaarbecht fir sech.

AUDIO: De ganzen Interview mat der Sabine Goetembril