
Nieft dem offizielle Reegelwierk gëtt et och ewell 2 Léierwierker fir déi aktualiséiert Schreifweis ze kafen: "De roude Fuedem" vum Christiane Ehlinger an "Eis Sprooch richteg schreiwen" vum Josy Braun an Helmuth Sperl. /
Den Interessi un der offizieller Lëtzebuerger Orthografie, déi e Freideg presentéiert gouf, ass därmoosse grouss, dass elo scho muss nobestallt ginn.
E Freideg de Mëtteg gouf um Educatiounsministère déi completéiert Versioun vun der Lëtzebuerger Orthografie presentéiert. Déi fënnt een um Internetsite vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, wou ee sech duerch d'Reegele klicken oder se direkt als PDF-Datei erofluede kann.
D'Lëtzebuerger Orthografie als PDF
Et gëtt se awer och op Pabeier - gratis. An do war d'Nofro risegrouss, well um ZLS-Stand op de Walfer Bicherdeeg goufen e Samschdeg ronn 950 Exemplairen u Visiteuren, déi sech dofir interesséiert hunn, verdeelt. Fir de Sonndeg bleift nach e Stock vun zirka 350 Bicher, duerno kann ee sech op eng Bestell-Lëscht androen, wat och ewell e Samschdeg den Owend néideg war, wéi nach just ee Buch um Stand war.
Déi offiziell Orthografie dierft ganz geschwënn nogedréckt ginn, esou sinn op d'mannst eenzel Tweeten ze interpretéieren.
Iwwer den Online-Bestellformulaire op zls.lu sollen nämlech och schonn iwwer 250 Commanden erakomm sinn.