Nodeems mer lo an déi drëtt Woch vun der Quarantän kommen, misst et deem Leschte bewosst ginn, datt dat hei e Marathon ass, kee Sprint.

Fir d’éischte Kéier an der Geschicht kann een d’Mënschheet retten, andeems een um Kannapee bleift an d’Tëlee kuckt. A fir dat net an de Sand ze setzen, gëtt et eng Rei Serien, déi kënnen hëllefen, Doheem ze bleiwen.

D’Star Trek-Franchise brauch een net méi virzestellen, d’Serie ass weltbekannt, grad wéi déi „aner“ Weltraumoper. Eng Suite vun der Original Star Trek-Serie aus de 60er Joren, spillt „The nächst Generation“ oder „das nächste Jahrhundert“ honnert Joer méi spéit. D’Missioun „fir friem Welten ze entdecken, onbekannt Liewewiesen an nei Zivilisatiounen“ nei gemaach fir de Public vun den Achtzeger Joren.

Iwwer 7 Staffelen, vun 1987 bis 1994, ass d’Serie op der amerikanescher Tëlee gewise ginn. Den Ufank vun der Globaliséierung huet dobäi en Afloss gehat, mat engem Message vu Frieden an Toleranz géintiwwer aneren Zivilisatiounen. „Star Trek“ huet eng ganz Zuel un anere Serien a Filmer no sech gezunn, déi Allernéisten dovun ass „Star Trek: Picard“ déi 26 Joer no „Next Generation“ spillt.

D’Serie ass visuell net gutt al ginn, déi deemools héichmodern Computergrafik ass haut iwwerlieft, d’Kostümer an d’Personnagen esou oft gesinn, dat se mëttlerweil bal wéi Karikature wierken.

Trotzdeem sinn déi 178 Episoden eng gutt Manéier, an eng besser Zäit ze reesen, bis op d'mannst Mëtt Mee, a wann een dann nach ëmmer net genuch vum Weltraum huet, kann ee jo direkt mat „Star Trek: Picard“ weiderfueren.

“Star Trek: The Next Generation” ass op Netflix ze gesinn, mat allen 7 Staffelen.

Déi éischt Saison vun « Star Trek : Picard » kann een op Amazon kucken.

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"