
Dëst gouf e Freideg de Moien an engem gemeinsame Schreiwes matgedeelt.
Den e-Lake beim Iechternacher Séi an de Picadilly zu Briedemes ware fir de Weekend vum 7. bis den 9. August virgesinn.
Et wier een no laangen Iwwerleeungen zum Schluss komm, datt esou grouss Mënschenusammlungen zu Corona-Zäiten onverantwortlech wier. An der Vergaangenheet ware bis zu 20.000 Leit um Picadilly den zweete Weekend am August passéiert, genee wéi um e-Lake.
