
Wat 1953 als rengen Theaterfestival ugefaangen huet, huet sech iwwer d’Joren als villfälteg Plattform fir national an international Kënschtler etabléiert an zielt haut zu de gréissten Open-Air-Festivallen hei zu Lëtzebuerg. Dozou bäigedroen hu Musekslegende wéi d’Ella Fitzgerald, de Miles Davis oder d’Joan Baez, ma och méi “jonk” international Acts wéi Morcheeba, Mando Diao oder Birdy.
Och dëst Joer kann een am Weeltzer Amphitheater, virun där eenzegarteger Schlasskuliss, nees grouss Stare live an hautno erliewen. Zu den Highlights vun dëser Editioun gehéieren d’Concerte vu “Goran Bregović”, “Dogstar” an “Einstürzende Neubauten”.
De Goran Bregović, de Rockstar vum Balkan, a säi legendäre Wedding & Funeral Orchestra, wäerten e Samschdeg, de 27. Juni, den Amphitheater mat hiren intensive Brass-Kläng a global inspiréierte Rhythme fëllen.
Den 2. Juli kënnt de Keanu Reeves – jo, DEE Keanu Reeves - op Wolz! Als Bassist ass hien Deel vun der amerikanescher Band Dogstar, déi bekannt ass fir hir energiegeluede Live-Showen an hiren dynamesche, staarke Sound aus Alternative Rock a Grunge.
Méi wéi 20 Joer no hirem leschten Optrëtt stinn de Keanu Reeves, de Rob Mailhouse (Batterie) an de Bret Domrose (Gittar & Gesang) fir ausgewielte Reunion-Concerten nees zesummen op der Bün.
De 9. Juli presentéiert de Festival de Wiltz mat Einstürzende Neubauten eng vun de radikalsten an aflossräichste Formatioune vun der internationaler Avantgarde!
Beaflosst vun der Westberliner Subkultur vun de fréien 1980er Joren, kreéiert dës Kultband ronderëm de Frontmann Blixa Bargeld zanter méi véier Joerzéngten eenzegaarteg Klanglandschaften mat selwer gebauten Instrumenter, industrielle Kläng a poetesche Lyrics.
Nei um Programm vum Weeltzer Festival: “Close-up” an de Familljendag
Close-up
Mat "Close-Up" presentéiert de Festival de Wiltz dëst Joer ee ganz neit Format, dat Kënschtler a Public op eng eenzegaarteg Manéier zesummebréngt. D'Bün vum Amphitheater verwandelt sech an eng intimistesch Plaz, déi nach méi Proximitéit a nach méi aussergewéinlech musikalesch Momenter schafe soll. Dat, ënnert aneren, mat der Victor Kraus Group an Canto Ostinato, mat Veda & The String Machine a mam Shai Maestro Quartet.
Um Familljendag, de 5. Juli, stinn d'Kanner am Mëttelpunkt vum Festival. De ganzen Dag iwwer kënnen déi Kleng - ma natierlech och déi Grouss - Kannertheater, Magie, Jonglage a Musek erliewen a souguer eng Pastaparty feieren. Zu de Programm-Highlights vun dësem Dag gehéieren d’Virféierunge vun Das Dschungelbuch an Här Bë an den Optrëtt vun deem däitsche Singer-Songwriter a Kika-Star Herr Jan.
Weider Informatiounen zum Festival de Wiltz 2026 an de komplette Programm fannt dir hei.