FREDDIE, en Hommage un de Sänger vu Queen
1970, viru bal genee 50 Joer hat sech d’Band Queen forméiert.
An deem Kader weise mir Iech de Film FREDDIE , plus de Making-of aus dem Joer 2016, realiséiert vum Andy Bausch mam Nilton Martins an der Roll vum Freddie Mercury .
25 Joer nom Doud vum Freddie Mercury (24.11.1991), hat en Team vu Leit aus der Lëtzebuerger Filmindustrie de Projet vun engem Kuerzfilm iwwert de charismatesche Sänger vu Queen an d’Liewe geruff. Un der Spëtzt vum Projet stoung den Nilton Martins, deen och d’Roll vum Freddie Mercury sollt am Film iwwerhuelen. Fir den Acteur gouf de Projet zu enger perséinlecher Erausfuerderung, net eleng wéinst der kierperlecher a mentaler Preparatioun, déi néideg war, fir de Freddie Mercury sou gutt et geet ze verkierperen. An engem Making-of schwätzt ënnert anerem den Acteur iwwert deen Challenge an déi technesch a musikalesch Aspekter vum Film.
D’Thema vum Film dréint ëm dem Freddie Mercury seng Ängscht an d’Krankheet, un där hien um Enn gestuerwen ass. Am Film gëtt de Freddie vun engem Geescht, sengem Alter-Ego, an der Garderob besicht an dee bei him seng déifsten Ängscht ausléist.
Detailer zum Film
Titel: FREDDIE
Joer: 2016
Dréibuch: Cédric Kieffer an Andy Bausch
Regie: Andy Bausch
Productioun: Nilton Martins, Frameart Media, Rattlesnakes Pictures
Acteur: Nilton Martins