Och wann dat beléifte Museksfestival dëst Joer net am gewinnte Kader ka stattfannen, gëtt den Techno-Fans en eemolegt, interaktiivt Erliefnis ugebueden.

E Mix aus Musek, Natur a Magie: all Joer besiche 400.000 Museksfrënn aus der ganzer Welt d'Märcheland an der Belsch. Dëst Joer huet d'Festival awer wéinst der Corona-Pandemie missen ofgesot ginn. Kee Grond, fir komplett op Musek a Feierlaun ze verzichten. De 25. a 26. Juli organiséiert Tomorrowland nämlech en digitaalt Festival an 3D-Optik.

Zil wier et, en Evenement op d'Been ze stellen, dat et an dësem Format nach ni gouf. Via Smartphone, Computer oder Tablet kënne sech d'Visiteuren duerch déi magesch Welt vun Tomorrowland fräi beweegen an den Terrain entdecken, dat esouguer gemeinsam mat Frënn, déi sech och en Ticket kaf hunn. Et soll ee sech fillen, wéi wann ee physesch op der Plaz wier, heescht et vun den Organisateuren.

Ee vun den Haaptmierkmoler wäert d'Mainstage sinn, ganz nom Motto „The Reflection of Love – Chapter 1", wat esou vill heescht, wéi d'Verschmëlzung vun alle positiven Energien an enger friddlecher Welt. Op 8 Büne wäerten d'Kënschtler optrieden a fir gutt Laun suergen.

Wéi eng Museker bei dëser aussergewéinlecher Editioun mat dobäi sinn, gëtt de 15. Juni verroden. Déi lescht Jore sinn ënnert anerem DJ-Ikone wéi de Martin Garrix, Dimitri Vegas & Like Mike, David Guetta, Afrojack, Oliver Heldens, Tiesto, The Chainsmokers, Don Diablo oder Armin van Buuren opgetrueden. Nieft dem Musekserliefnis ginn och Webinaren, Spiller a Workshops zu ënnerschiddlechen Theme wéi Lifestyle, Iessen oder Fashion ugebueden.

Den Organisateur hofft op eng Millioun virtuell Visiteuren, déi wärend dem Festival-Weekend vun doheem aus eng eege kleng Tomorrowland-Party feieren. Dobäi ginn der Kreativitéit keng Grenze gesat an och den Alter ass hei egal. De Präis fir e Weekend-Ticket läit bei 20 Euro, den Dagesticket kritt ee fir 12,50 Euro. Donieft kann een och nach en extra Package mat Accessoirë kafen, fir sou richteg a Festival-Stëmmung ze kommen.

© Twitter / Tomorrowland