Glastonbury Festival, Coachella, Tomorrowland, Rock am Ring... E battere Summer fir d'Amateuren vun Open-Air Festivallen.

Um Mëttwoch sollt den Optakt vum Glastonbury Festival sinn, an dat scho fir d’50. Kéier. Dëse Gigant vun der brittescher an europäescher Rock-Zeen fält awer aus.

De Michael Eavis, Mëllechproduzent, hat an de 70 Jore säi Stéck Land zur Verfügung gestallt fir 1.500 Amateure vu Pop- a Folk-Musek, ouni ze wëssen, datt dorauser dee wuel bekanntsten a populäerste Festival weltwäit géif ginn. David Bowie, Amy Winehouse, Coldplay, White Stripes … d’Lëscht vun de Staren déi op der Bün vu Glastonbury scho stoungen ass laang, a mat den Headliner Kendrick Lamar oder Taylor Swift a Paul McCartney, war et e villverspriechende 50. Anniversaire, deen awer elo op 2021 verréckelt gouf.

Mat den éischte Festival, deen duerch déi aktuell sanitär Kris huet misste verréckelt ginn, war de Coachella am Abrëll. E beléifte Festival an der kalifornescher Wüüst. Dee Moment huet e ganze Secteur ugefaangen ze zidderen. Ëmmerhi stoung de Summer op der Kipp – déi Zäit wärend där 80% vun de Festivallen stattfannen an eng 7 Millioune Spectateuren de Wee bis bei déi verschiddenst Büne fannen.

Nogezunn huet dann och den Tomorrowland, DEN Festival fir all Fanatiker vun elektronescher Musek. D’Wanter-Editioun op den Alpes d’Huez gouf kuerzfristeg ofgebrach a laang war net kloer, ob d’Summer-Editioun och kéint stattfannen. Entretemps ass et kloer: grouss Djen wéi David Guetta oder Martin Garrix wäert opleeën… Ma fir e weltwäite virtuelle Festival, an net wéi gewinnt dee gigantesche, mat honnertdausende Leit am klengen Duerf Boom an der Belsch.

Fir de beléifte Rock am Ring um Nürburgring bleift de Fans dann och näischt anescht iwwereg, wéi op d’Editioun 2021 ze waarden. D’Tickete vun dësem Joer bleiwen awer fir dat nächst Joer gülteg, respektiv kann een, wéi matgedeelt gouf, de Remboursement vum 15. Juli un op hirem Site ufroen.

Klengen Trouscht dann um Enn: De Luxembourg Open Air Festival, deen op op den 12. an 13. September ugesat gouf, dee steet nach. Vläicht ass et also net auszeschléissen, datt een nach dëse Summer an de Genoss vum Festival Feeling kënnt.