
Mat sengen 2 éischte Singelen “Superstar” an “Take the seasons” konnt den Oscar Leone sech iwwer 10 Wochen an den Top-10-Charts an Island halen. An och de Videoclip vum Lidd “Superstar” war fir déi islännesch Grammyen nominéiert.
Elo huet hien e neit Lidd eraus bruecht. Lion nennt et sech a wien e bësse sproochegewannt ass, héiert eventuell schonn den Zesummenhang tëscht sengem Kënschtlernumm an dem neie Lidd. Säi Stärenzeechen, de Léiw, huet hien nämlech zu sengem Kënschtlernumm bruecht a spillt och a sengem neie Lidd eng grouss Roll. Hei séngt hien “I’m a lion, can’t get me down”, also “Ech sinn e Léiw, dir kritt mech net ënner.” Déi Wieder riichte sech un eng fréier Frëndin vum Museker, eng verluere Léift. Ma och a senger schauspillerescher Karriär hat hie scho mat Leit ze dinn, déi him net gutt gedoen hunn. Och duerch si ass dëst Lidd entstanen.
Säi Museksstil beschreift den Oscar Leone als eng Mëschung aus Folk, Country, Indie a Folk-Pop. D’Inspiratioun dozou hëlt hien aus dem Liewen.
“Et muss ee prett sinn, wa se kënnt. Et muss ee sech op enger gudder Frequenz halen, mat Meditatioun, gutt iessen a Sport maachen. Natierlech muss een och Respekt do virdrun hunn, also wa se da kënnt, muss een dat Geschenk, dat se engem gëtt, dat Lidd unhuelen, dru schaffen an et eraus an d’Welt bréngen”, sou de Kënschtler weider.
Och wann den Oscar Leone sech a sengem Heemechtsland schonn e Numm gemaach huet, ass hien nach laang net u sengem Zil ukomm. A sengem 5 Joer Plang steet nämlech nach eppes ganz Grousses um Programm. Hie wëll onbedéngt eng Kéier am Red Rocks Amphitheatre an Colorado optrieden.

Ma egal wou seng Karriär nach hi féiert, vergësst den Oscar Leone ni, wou en opgewuess ass. De Kënschtler ass nämlech zu Lëtzebuerg gebuer an huet 10 Joer zu Waldbriedemes gewunnt. Säi Wonsch wier et dann och emol e Concert am Kapuzinertheater ze ginn an am léifste mat senger gudder Frëndin, dem Sophie Mousel. Déi Lëtzebuerger Schauspillerin an hien hunn nämlech zesummen zu Paräis studéiert.
Momentan schafft hien un enger neier Single, déi sech Aloha nennt. Dat wäert da fir dëst Joer déi lescht Single sinn, mat enger positiver Melodie. Am Wanter ass et an Island nämlech vill däischter dobaussen an dann entstinn, wéi hie selwer seet, wuel éischter méi düster Lidder.