Wéinst der Pandemie war d'Iwwerreechung vum Servais-Präis un de Francis Kirps am Centre National de Littérature zu Miersch an engem méi klenge Kader.

Francis Kirps heescht dëst Joer de Gewënner vum Servais-Präis. E Mëttwoch war am CNL zu Miersch d'offiziell Präisiwwerreechung, déi duerch déi aktuell sanitär Kris natierlech an engem ganz reduzéierte Kader huet misse gefeiert ginn, awer och live-gestreamed gouf. "Die Mutationen. 7 Geschichten und ein Gedicht" heescht d'Wierk, wat bei Hydre Editions erauskoum, a wat de Jury iwwerzeege konnt.

Servais-Präis 2020 / Rep. Claudia Kollwelter

D'Zeremonie am CNL gouf musikalesch vum Greg Lamy begleet. Eng Zeremonie, déi natierlech anescht war wéi gewinnt. D'Presidentin vun der Fondatioun Servais, d'Germaine Goetzinger huet awer ënnerstrach, datt se dowéinst net manner Wichtegkeet hätt: "Den Auteur, dee mir haut éieren, kann an 10 oder méi Joer soen: Ech war deen, deen de Servais-Präis an aller Stëll krut huet!"

Et war ënnert anerem d'Orginalitéit vum Francis Kirps sengen Texter, déi den onofhängege Jury bei hirer Begrënnung ervirgehuewen huet. D'Presidentin vum Jury Jeanne Glesener:

"Die zuweilen ironische Distanz des Autors, sein unkonvetioneller Erzählstil und die tiefe seiner Figuren entführen den Leser in verfremdete Welten, die üblichen Erwartungshaltungen trotzen. In 'Die Mutationen' gelingt es Francis Kirps hervorragend seiner Leserschaft den Spiegel vorzuhalten. Sein risikoreicher Einsatz der Neuschreibungen, seine unerwartete Bilderwahl und sein kreativer Umgang mit Sprach- und Stilregister haben die Jury überzeugt."

D'Kulturministesch Sam Tanson huet ënnerstrach, datt de Francis Kirps sech a sengem Wierk mat méi oder manner bekannten Auteuren ausernanergesat huet: "An déi Texter erëm op eng zäitgenëssesch Aart a Weis interpretéiert fannen ech ganz wichteg, well der déi Auteuren erëm an Erënnerung bréngt an an en aktuelle Kontext setzt. Dofir fannen ech et e ganz gudde Choix. Felicitatiounen!"

De Francis Kirps selwer huet betount, datt vill iwwert säi Wierk "Die Mutationen" geschwat gouf, awer net iwwert déi Mutatioun, déi hie selwer betrëfft, an déi duerch de Servais-Präis koum:

"Déi Visibilitéit, déi s'de bemol doduerch kriss, et ass net grad vun 0 op 100, mä virdru war ech halbwegs bekannt a sou enger Blos. An da bemol bass de vir an den Noriichten. Ech hoffe mol, datt ech selwer bliwwe sinn. Mä et gëtt ee vu baussen anescht gesinn. Déi, déi mech scho méi laang verfollege manner, mä virun allem Leit, déi duerch de Präis eréischt op mech opmierksam gi sinn, an hoffentlech elo och meng aner Bicher vläicht kafen."

Den Impakt vum Servais-Präis wier vill méi grouss wéi ee sech dat erwaart huet an hien hofft ,datt d'Literatur méi Visibilitéit a méi eng grouss Bün kritt, huet de Francis Kirps nach ënnerstrach.

Zanter 1992 gëtt de Servais Präiss all Joers un e literarescht Wierk verginn, dat am Joer virdrun erauskoum. De Servais Präis ass mat 6.000 Euro dotéiert.

De Francis Kirps ass nächst Woch iwwregens den Invité vum Podcast "Podpurri - Mir schwätzen Kultur."