Well een Traditioune soll bäibehalen, war dëse Sonndeg déi 25. Editioun vun der RTL-Dictée, dëst Joer allerdéngs just digital op RTL.lu.

Scho fir déi 25. Kéier huet RTL d'Leit dozou opgeruff, hir Sproochekenntnisser op d'Prouf ze stellen. Matschreiwe konnt ee vu moies 10.15 Auer un. Anescht wéi déi Jore virdrun net op 4 Sproochen, mä just op Lëtzebuergesch.

Ganz äifreg hunn déi 5 Kandidaten an der Klass zu Walfer hire Bic iwwer d’Blat gejot. Jiddereen am Sall souz op 2 Meter Distanz. Beim Noper ofkucke war esou net méiglech. Al Huesen awer och nei Gesiichter hu bei der RTL-Dictée matgemaach. Matgeschriwwen huet ënnert anerem och d'Danny Leyder, d'’Gewënnerin vum leschte Joer. Si huet den Text vum Jemp Schuster déi Kéier méi einfach fonnt.

Eng alleréischte Kéier dobäi war de Jean Back, de fréieren Direkter vum CNA, dem Centre National de l’Audiovisuel vun Diddeleng. Hie selwer ass Auteur an hat säi Spaass un dëser Dictée.

D'Gewënner dierfe sech iwwer flott Kaddosbongen am Wäert vun 100 Euro freeën.

Impressioune vun der digitaler RTL-Dictée 2020

Wie sinn d'Gewënner vun der 25. Editioun?

1) Véronique Maas, 3 Feeler

2) Chantal Boly, 4 Feeler

2) Steffi Hulsbosch, 4 Feeler

2) Maryse Muller, 4 Feeler

5) Kim Krecké, 7 Feeler

6) Mandy Decker, 8 Feeler

6) Nathalie Mailliet, 8 Feeler

Dir hutt matgeschriwwen? Liest hei no, wéi vill Feeler Dir gemaach hutt oder ob Dir alles richteg geschriwwen hutt.

Déi komplett Dictée fir nozeliesen

Eng operationell Nott/Note fir sämtlech Beamten huet explizitt déi reglementaire Texter zu deem Sujet regruppéiert/regroupéiert an detailléiert opgelëscht.

D'Kontrolle vum Respekt vun den Aschränkungsmesurë/Aschränkungsmesüre fir d'Betriber mussen nom Vott/Vote an engem Communiqué publizéiert ginn.

D'Coronapandemie/Corona-Pandemie ass an der Tëschenzäit och um Contournement an der Houschter Déckt ukomm.

Net nëmmen d'Mënsche gi vun engem letale Virus iwwerfall, och d'Blomeese stierwen zu Honnerten u Bakteerien/Bakterien, déi bei hinnen eng déidlech Longenentzündung ausléisen, dee sougenannte/sou genannte bloe/Bloe Meesenhouscht.

Fir en zweete Lockdown ze verhënneren, muss jidderee sech penibelst un d'Droe vun enger, mat engem Lastik hannert/hanner den Ouere fixéierter Mond-Nuese-Mask halen, och wann dat heiansdo erstéckend ëmständlech ass.

D'Capacitéite/Kapazitéite vun de Large-Scale-Testing-Infrastrukture mussen d'urgence optimiséiert ginn.

An enger parlamentarescher Drénglechkeetsfro, huet d'Fraktiounspresidentin/ Fraktiounspräsidentin vun der gréisster Oppositiounspartei gefrot, ob et net ubruecht wier, wourop de Fraktiounspresident/Fraktiounspräsident vun der klengster Regierungspartei mat engem kloren Nee geäntwert huet.

Jemp Schuster

RTL-Dictée am Replay