Konkret gouf beim 67 Joer ale US-Schauspiller "Aphasie" diagnostizéiert. Dës Krankheet manifestéiert sech doduerch, dass ee Problemer beim Schwätzen huet.

Seng Famill deelt mat, dass dem Willis seng kognitiv Fäegkeete massiv beaflosst wieren an hien doduerch seng Film-Karriär misst op en Enn bréngen.

Bekannt ass de Bruce Willis aus enger Abberzuel u bekannte Filmer, dorënner "Die hard", "Twelve Monkeys", "Armageddon", "The Sixth Sense", "Pulp Fiction" oder "The Fifth Element", fir der nëmmen e puer ze nennen.