Kënschtler vu muer weisen hir Kreatiounen an de Rotonden
An de Rotonden zu Bouneweg leeft den Ament eng Ausstellung vun där besonnescher Zort.
Am Kader vun der 3. Editioun vum Projet "XPO E" ginn hei net, wéi gewinnt, Wierker vun etabléierte Kënschtler gewisen, ma Kreatioune vun den Talenter vu muer. 622 Schüler aus 9 Lëtzebuerger Lycéeë weise mat hiren Aarbechten, wéi villsäiteg d'Konschtsektioun E ass.
Konschtgeschicht, Zeechnen, visuell Kommunikatioun an Design – dat sinn déi véier Konschtfächer, déi op der E-Sektioun ënnerriicht an an dëser Ausstellung representéiert ginn. Encadréiert vun 41 Professeren hunn déi 622 Schüler vun dëser Sektioun véier verschidde Projeten ausgeschafft, déi déi ënnerschiddlechst Interpretatioune matenee verbannen.
De roude Fuedem, dee sech duerch dës facettëräich Ausstellung zitt, ass d'Thema Evolutioun. An dësem Sënn kritt de Spectateur hei och de Kreatiounsprozess vum Design-Projet virun Aen gefouert - Vun den Ausgangsiddie bis zu deene fäerdege Wierker.
Mat der Ausstellung "XPO E", déi an Zukunft am 3-Jores-Rhytmus soll organiséiert ginn, bidden d'Rotondes deene ville Schüler vun den E-Sektiounen ee professionelle Kader an domadder eng Visibilitéit, déi iwwer d'Schoulgebai erausreecht.
Fir dës 3. Editioun vum Projet goufen déi vill Schüler och vun zwee professionelle Kënschtler guidéiert. Déi Lëtzebuerger Fotografin Jeanine Unsen huet mat de Schüler aus dem Beräich Konschtgeschicht u Portraite geschafft. Dee franséischen Artist Guillaumit huet mat de Schüler aus dem Beräich vun der visueller Kommunikatioun ee Panoramavideo kreéiert.
Déi visuell Identitéit vun dëser Ausstellung gouf, ganz am Sënn vum Projet, vun enger fréier E-Schülerin realiséiert, dem Céline Loegel. Nom Lycée huet si sech fir ee Grafikstudium entscheet.
Nach bis de 17. Abrëll kann een déi vill Kreatiounen an der Galerie vun de Rotonden entdecken.