Déi US-amerikanesch Fotografin Jingna Zhang hat géint de Lëtzebuerger Moler geklot, well dësen hirer Meenung no eng vun hire Fotografien ofgemoolt hat.

D’Riichter um Lëtzebuerger Geriicht hätte festgehalen, datt déi original Foto d’Krittären net géing erfëllen, fir kënnen ënner lëtzebuergeschen oder europäesche Droit d’auteuren ze falen.

Den Affekot vun der Fotografin sot dem Lëtzebuerger Wort, seng Mandantin géif zu "99 Prozent" sécher an Appell goen.  D'Zhang misst no der Néierlag viru Geriicht och d'Geriichtskäschten droen.