D'Myriam Muller ass net méi aus der Lëtzebuerger Theaterzeen ewechzedenken. Mir hu si bei hirer Shakespeare-Inzenéierung begleet.
Wéi entsteet iwwerhaapt en Theaterstéck a wéi gesäit d'Aarbecht aus, déi dohannert stécht? Der Myriam Muller hir Aarbecht als Regisseurin ass et, en Text an "Spectacle vivant" ze verwandelen. Am Groussen Theater huet si elo rezent d'Mise en scène vum "Songes d'une nuit..." vum Shakespeare ëmgesat. Ma esou eng grouss Produktioun verlaangt vill Viraarbecht vun de verschiddensten Departementer: vun de Kostümer bis Bünebild.
Mir kruten en Abléck, wéi d'Aarbecht vun der Regisseurin ausgesäit a wéi si d'Schauspiller a Schauspillerinne, wéi och déi technesch Ekippen duerch de Prozess vum Theaterstéck leed. An esou hu mir d'Entwécklung vun den Ufanksprouwe bis zu der Première festgehalen.

D'Myriam Muller ass schonn zënter hiren Teenagerjoren aktiv an der Theaterzeen. Ugefaangen huet alles als Schauspillerin a spéider an hirer Karriär koum de Beruff vun der Realisatrice an de Poste vun der artistescher Direktesch vum Théâtre du Centaure dobäi. Mam "Songes d'une nuit..." huet si eng zäitgenëssesch Inzenéierung vum Shakespeare realiséiert, kombinéiert mat enger immersiver Erfarung fir Schauspiller a Publikum.