D’Buch 1984 vum George Orwell gëllt bis haut als ee vun de bedeitendste Klassiker an der Literatur.

Den dystopesche Roman, deen 1949 publizéiert ginn ass, kuckt an eng Zukunft, déi vun engem totalitären Iwwerwaachungsstaat beherrscht gëtt. Bis haut inspiréiert d’Wierk, grad well een ëmmer erëm Parallellen zu haut kann zéien. Am Kasemattentheater geschitt dëst a Form vun enger Jazz Oper.

Am George Orwell senger Zukunftsvisioun läit déi ganz Zivilisatioun ënner Kontrollwansinn. D’Welt ass e grousse Prisong ouni Fräiheeten an ouni Individualitéit. An der neier Produktioun am Kasemattentheater ass 1984 a Form vun enger Jazz-Oper op d’Bün bruecht ginn. Dem Orwell seng Theme ginn esou mat eiser Zäit verknüpft. D’Regisseurin Ela Baumann:

«Mir hunn dat Stéck selwer an eis Zukunft gesat, esou wéi den Orwell dat och gemaach huet. An mir hunn eis iwwerluecht, wat ass di Iwwerwaachung vun eiser Zukunft an dat ka ganz einfach just eng kënschtlech Intelligenz sinn.»

D’Interprete vum Komponist Christian Klinkenberg hunn am Stéck vill Eegeverantwortung kritt. Eng grafesch Partitur leeft iwwert dat ganzt Stéck an all Museker huet seng Faarf. Verschiddenes gëtt konkret ofgeschwat, ma u sech interpretéiere si awer all Kéiers d’Stéck nei.

Fir d’Musekerin Claire Parsons ass et di éischte Kéier, datt si eng Roll op enger Theaterbün spillt an dat net just als Musekerin. D’Claire Parsons:

«Musikalesch si mir am Jazz jo ëmmer gewinnt mam Material ze schaffen, wat mir zur Verfügung hunn. Dat wat elo dobäi komm ass, sinn di Schrëtt an d’Beweegungen, di ech normalerweis soss net gewinnt sinn ze maachen. An där Hisiicht ass et scho ganz spannend, awer et fënnt een sech nach zurecht an et ass bëssen Doheem dobäi.»

Bis op di zwee Haaptfigure ginn all di aner aus dem Buch mat kënschtlecher Intelligenz ersat an domat gëtt dann och d’Bréck zu enger Thematik gemaach, wéi eng méiglech Variant vun eiser Zukunft kéint ausgesinn. De Jean Bermes spillt den Haaptprotagonist Winston Smith an d’Claire Parsons verkierpert d’Roll vum Julia. D’Regisseurin Ela Baumann:

«Mir hunn d’Julia och ganz wichteg fonnt, well hat eng Manéier fënnt, mat der Iwwerwaachung ëmzegoen an hir Fräiheet ze behalen. Si kämpft net esou domat, wéi de Winston, deen dat net kann akzeptéieren. An d’Julia akzeptéiert et a wëll einfach liewen.»

1984 kann ee vum 14. bis den 21. Juni an de Kasemattentheater zu Bouneweg kucke goen.