MOB-ART studioÉischt Solo-Ausstellung vun der Tiffany Matos

Isabelle Gillen
Déi amerikanesch-Lëtzebuergesch Kënschtlerin Tiffany Matos huet vum 14. Januar bis 14. Februar hir éischt Solo-Ausstellung am MOB-ART studio an der Stad. Gewise gëtt eng Usammlung u verschiddene Wierker aus de leschte puer Joer.

D’Kënschtlerin, déi eng Konschtsektioun am Lycée des Arts et Métiers ofgeschloss huet, beschäftegt sech zanter zwee Joer méi intensiv mat der Natur a representéiert dës och an hire Wierker. Virun allem Blieder hunn et hir ugedoen an dëst fënnt een an alle Formen a Faarwen an hire Wierker erëm. D’Iddi dohannert ass et d’Vergänglechkeet vun allem Liewen op der Welt duerzestellen an duerch genee dës Duerstellung ze veréiwegen, erzielt d’Kënschtlerin:

“Et geet haaptsächlech ëm eise Liewenslaf an dass en immens kuerz ass. Anstatt dat schlecht ze maachen, probéieren ech et an eng schéi Luucht ze bréngen an d’Blieder och ze veréiwegen. E Blat lieft eigentlech just ee Joer a mir liewen och net ganz laang, mee déi ze veréiwegen, duerch Biller, Skulptur an och digital, ass wat ech mat menger Konscht probéieren.”

Éischt Solo-Ausstellung vun der Tiffany Matos
Déi amerikanesch-Lëtzebuergesch Kënschtlerin Tiffany Matos huet vum 14. Januar bis 14. Februar hir éischt Solo-Ausstellung am MOB-ART studio an der Stad.

Dëst bréngt d’Kënschtlerin iwwer vill verschidde Medien zum Ausdrock a weist vu Molereien op Toile, iwwer Collage-aarteg Biller a Skulpturen déi ënnerschiddlechst Konschtwierker, déi alleguer Blieder als zentraalt Motiv hunn. 21 Wierker sinn insgesamt an der Ausstellung “ephemeral poetries” ze gesinn.

Den Titel vun der Ausstellung bedeit, aus dem Engleschen iwwersat, vergänglech Poesien a soll déi poeetesch Aart a Weis, mat där d’Kënschtlerin mam Thema Vergänglechkeet an hiren Aarbechten ëmgeet erëmspigelen.

“Dat passt och natierlech zu menger Konscht. Et erzielt eng Fantasiegeschicht iwwert d’Liewen an d’Veréiwegung vum Moment an och dass, wann d’Liewe kuerz ass, dass et awer immens wäertvoll ass an dass een awer eng Trace hannerloosse kann.”

Et ginn esouwuel ganz nei Wierker, wéi och eng Rei Aarbechten aus de leschte Joren an der Ausstellung z’entdecken, well d’Kënschtlerin fir hir éischt Solo-Ausstellung déi ganz Bandbreet u Kreatiounen aus hirem Repertoire presentéiere wollt.

Bis de 14, Februar kann een d’Ausstellung “ephemeral poetries” vun der Tiffany Matos also an d’Galerie MOB-ART studio an d’Stad kucke goen.

Back to Top
CIM LOGO