Lëtzebuerger Filmpräis - D'Zeremonie am ReplayBescht Acteure sinn d'Vicky Krieps a Marc Limpach, beschte Film ass Kommunioun
E Samschdeg den Owend war am Groussen Theater an der Stad d'Präisiwwerreechung vum Lëtzebuerger Filmpräis 2023.
Lëtzebuerger Filmpräis 2023
Kuckt nach eng Kéier déi ganz Zeremonie vun der 10. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis mat alle Gewënner vun den 12 Kategorien.
D’Soirée am Groussen Theater gouf vun der Anne Simon an dem Jeff Schincker inzenéiert a vun de Schauspiller Magaly Teixeira a Max Thommes moderéiert.
Eisen RTL-Journalist Julien Marcy hat am Virfeld mam President vum Filmfong, dem Guy Daleiden, geschwat, dee verroden huet, dass deen een oder anere wäert iwwerrascht sinn iwwert d’Resultat.
Optakt vum Lëtzebuerger Filmpräis 2023
Virun 20 Joer gouf den Evenement an d’Liewe geruff. Den 11. November ass déi 10. Editioun an dat mat där eng oder anerer Iwwerraschung bei de Gewënner.
D’Gewënner vum Owend a Biller:
André Dziezuk - Bescht Originalmusek © Jenny Fischbach / RTL
Loïc Collignon - Beschte kreative Bäitrag an engem Animatiounsfilm © Jenny Fischbach / RTL
Amandine Klee - Beschte kreative Bäitrag an engem Film oder enger Dokumentatioun © Jenny Fischbach / RTL
La Valise rouge vum Cyrus Neshvad - Beschte Kuerzfilm © Jenny Fischbach / RTL
Filmreakter Quickies - Bescht Serie oder Transmedia-Produktioun © Jenny Fischbach / RTL
Missing Pictures vum Clément Deneux - Bescht XR-Wierk © Jenny Fischbach / RTL
Where is Anne Frank vum Ari Floman - Bescht Co-Produktioun fir en Animatiounsfilm © Jenny Fischbach / RTL
Corsage vum Marie Kreutzer - Bescht Co-Produktioun fir e Film oder eng Dokumentatioun © Jenny Fischbach / RTL
Kommunioun vum Jacques Molitor - Beschte Lëtzebuerger Fiktiouns- oder Animatiounsfilm © Jenny Fischbach / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
PDF: Offiziellt Schreiwes mat de Gewënner