Nationale FuttballBert Heger am Alter vu 85 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Eng traureg Nouvelle kënnt aus dem Lëtzebuerger Futtball. Den 9. Februar ass de Bert Heger am Alter vu 85 Joer verstuerwen.
© Joël Scheitler

Eng traureg Nouvelle kënnt aus dem Lëtzebuerger Futtball. Den 9. Februar ass de Bert Heger am Alter vu 85 Joer verstuerwen.

De Bert Heger war eng vun de markante Figuren an de 60er Joren am Lëtzebuerger Futtball an ee vun de beschte Buteuren aus eisem Championnat.

Dräimol hat de Bert Heger déi meescht Goler geschoss an der Nationaldivisioun: an der Saison 62/63 am Trikot vun der Stade Diddeleng, an der Saison 65/66 am Trikot vun der Aris an 68/69 als Stiermer vum Avenir Beggen. 1968/69 stoung hien (zesumme mam Gerd Müller) op der 4. Plaz an der europäescher Goalgetterlëscht. 37 Joer Futtballkarriär an eng giel Kaart. An hie war zwee Mol Landesmeeschter iwwer 400 Meter Hecken 1965 an 1966.

Alles an allem huet de Bert Heger 176 Matcher an der Nationaldivisioun fir 7 verschidde Veräiner gespillt.

Back to Top
CIM LOGO