"Damenopfer" vum Steffen Kopetzky

© RTL/Bea Kneip
En historesche Roman mat erstaunleche Parallelen zur aktueller geopolitescher Situatioun.
Bal um Ufank vum Steffen Kopetzky sengem Roman steet, éischter ongewéinlech, e Begriefnis. Wie war déi Fra, d'Larissa Reissner, déi do bäigesat gëtt? Déi jonk Fra (si ass nëmmen 30 Joer al ginn), déi am Februar 1926 zu Moskau un Typhus gestuerwen ass, war eng charismatesch Perséinlechkeet, eng Zaldotin, Schrëftstellerin, Diplomatin a Revolutionärin. Schonn als Kand ass si dem Lenin begéint a si huet scho fréi ugefaangen, sech fir déi geopolitesch Realitéite vun hirer Zäit ze interesséieren. Wärend hirem Openthalt am Afghanistan, als Fra vum russeschen Ambassadeur Raskolnikov, stéisst si op e Schrëftstéck dat hiert Liewe verännere wäert. Et ass e Plang an deem e gewëssenen Oskar Niedermayer detailléiert beschreift, wéi Indien - an domat och Afghanistan -vun der brittescher Kolonialmuecht kéint befreit ginn. Mat der historescher Figur vum Oskar Niedermayer, deen am éischte Weltkrich eng däitsch Expeditioun an Afghanistan geleet hat, huet de Steffen Kopetzky sech iwwregens schonn a sengem Roman "Risiko" beschäftegt.
De Steffen Kopetzky huet fir béid Romaner minutiéis recherchéiert, ass awer och ëmmer nees op wäiss Plaze gestouss, déi hien dann huet missten ausfëllen. Dowéinst soll "Damenopfer" och net als Biografie verstane ginn. Wéi den Auteur seet: "Ich wollte keine Biografie schreiben, sondern eine Dichtung, ein Mythos schaffen, eine Legende erzählen".
Hie war faszinéiert vun der Larissa Reissner, déi hie mat "enger weiblecher James Bond" vergläicht. Et geet hei awer ëm méi: mat Hëllef vun enger multiperspektivescher Erzielstruktur verdäitlecht hien d'Parallelen tëscht den 20er Jore vum 20. Joerhonnert an deene vum 21. Joerhonnert. An där Hsiicht ass de Roman brandaktuell. Steffen Kopetzky: "Wir erleben so eine Art von Wiederkehr der 20er Jahre, mit ein paar anderen Vorzeichen, aber im Grunde, geostrategisch betrachtet, laufen wir genau in diesen Linien."
Ech sinn dem Steffen Kopetzky op der Frankfurter Buchmesse begéint an hu mech mat him doriwwer ënnerhalen. Hei dee kompletten Interview:

© Rowohlt Verlag
Damenopfer
Steffen Kopetzky
Rowohlt Verlag
ISBN:978-3-7371-0151-6
448 Seiten
26€