E Réckbléck aus der Redaktioun

Nodeems mir d'Journalisten am August gefrot haten, eis hir "Coups de coeur" vum Summer ze presentéieren, hu mir decidéiert d'Joer och op enger positiver Note opzehalen an no den RTL-Mataarbechter hirer beschter Lektür aus dem Joer 2023 ze froen.
D'Bicher hunn och net mussen nei um Bichermaart sinn, just eis dëst Joer an de Bann gezunn hunn. An d'Resultat ass diversifiéiert. Ween also grad nach op der Sich no Lektür ass fir de gudde Rutsch an d'neit Joer ze sécheren, dee fënnt hei bestëmmt eppes.
Mariette Zenners (Tëlee) - "Atlas", Harry Whittaker
Nodeem ech d’Serie vun de "7 Schwësteren" vun der nordirescher Autorin Lucinda Riley mat Begeeschterung gelies hat well een do an all Buch an een aneren Deel vun der Welt entfuert gëtt mat enger Mëschung aus Fiktioun, geschichtleche Faiten an emotionalem Familljendrama, hat ech mat Spannung den Ofschloss vun der Serie erwaart , deen am Mee dëst Joer erauskoum: "Atlas , d’Geschicht vum Pa Salt” geschriwwe vum Harry Whittaker, de Fils vun der am Joer 2021 u Kriibs verstuerwener Lucinda Riley. Fazit: D’Serie war top. Den Ofschloss war verkitscht mee d’Saga huet missen op en Enn goen.
Jenny Fischbach (Kultur) - "Les inséparables", Simone de Beauvoir
Mäi literaresche Coup de Coeur vum Joer ass de kuerzen autobiographesche Roman vun der franséischer Philosophin, deen eréischt ganz rezent publizéiert gouf. Et geet em d’Frëndschaft tëschent der Simone de Beauvoir an hirer beschte Frëndin Zaza, déi am jonken Alter verscheet ass. Et ass e ganzt emotionaalt Buch, wou een e gudden Abléck an der Feministin hir jonk Jore kritt, a wou e gesäit wéi sech hiert Fräit Denken entwéckelt.
Pierre Jans (Radio/Tëlee) - "Echtzeitalter", Tonio Schachinger
Eng Schoul zu Wien, wou déi räich a schéin, oder op mannst déi adeleg, d‘Bänk drécken. A matzen dran e jonke Kärel, deen sech an deem versnobte Milieu guer net wuel fillt. De Protagonist Till interesséiert sech net fir de Kanon, deen ee muss kennen, fir an der besserer Gesellschaft akzeptéiert ze sinn. Am Sport ass en och net gutt. Hien verbréngt seng Zäit léiwer mam strategesche Computerspill Age of Empires II. Den Till gëtt souguer jéngste Profi, mä wat bréngt ëm dat? An Echtzeitalter beschreift de jonken Auteur Tonio Schachinger, dee selwer zu Wien lieft, eng Jugend ewéi sécherlech vill Leit se erlieft hunn, déi an den éischte Jore vum digitalen Zäitalter opgewuess sinn. An dat op eng éierlech, empathesch a mat Amenter och witzeg Aart a Weis. Seng schaarf Kritik um klenge Krees vun de schicke Wiener, kéint een och op Lëtzebuerg iwwerdroen.
Annick Goerens (Radio) - "Slaughterhouse Five", Kurt Vonnegut
„Slaughterhouse Five“ vum Kurt Vonnegut ass e philosophescht Buch vun 1969 wat sech ganz einfach liest an ëmmer nach extrem relevant ass. Et ass een zum Deel autobiographesche Roman den sech mat de Loftattacken op Dresden am Zweete Weltkrich beschäftegt, déi den Auteur selwer als amerikanesche Krichsgefaangene materlieft huet. Donieft gëtt et e Kidnapping vun Aliens („Tralfamadorians“) a vill uerg Krichs-Verbrieche gi ganz humoristesch verschafft, well et anescht wuel ze grausam ass fir ze verdauen. An der Essenz dréint sech de Roman ëm déi onsënneg Zerstéierungskraaft vum Krich an d‘Auswierkungen op all Eenzelen. Et geet donieft och ëm Trauma-Bewältegung vun Zaldoten. „So it goes“, ass eng ganz bekannt Formuléierung aus dësem Buch, déi ëmmer am Bezuch mam Doud steet. Och mat „Mord un Todschlag“ muss een einfach acceptéieren am Liewen a weidermaachen. De Freddy Mercury géing soen „the show must go on“.
Lisa Jentsch (Tëlee/Online) - "Die stumme Patientin", Alex Michaelides
Op der Sich no engem Thriller, dee bis zum Schluss spannend bléift? E Buch, dat eréischt viru kuerzem gelies hunn, mee zu mengen absolutte Favoritte vun dësem Joer zielt, ass “Die stumme Patientin” vum Alex Michaelides. D’Geschicht ass gutt duerchduecht an déi sëllege Wendunge gutt placéiert - och déi allerlescht, déi ech esou ni erwaart hat. Et geet ëm d’Molerin Alicia Berenson, déi voller Blutt nieft hirem doudege Mann fonnt gëtt. An deene meeschten Thrillere geet et drëms erauszefannen, wien den Täter ass. Hei schwätzen d’Beweiser fir sech, d’Alicia huet him fënnef Mol an de Kapp geschoss. Zanter siwe Joer setzt hatt elo an der zouener Psychiatrie. Ma do stellt sech d’Fro: Wisou huet d’Alicia zanter dem Mord keen eenzegt Wuert méi geschwat?
René Pfeiffer (Kamera) - "Die Unendliche Geschichte", Michael Ende
Als Kand hunn ech et schonn emol gelies an hat mat mengen Elteren d'Bavaria Filmstudios zu München besicht, wou de Film iwwer "Die unendliche Geschichte" gedréit gouf. Schonn deemools war ech gefesselt vun der Geschicht an der Magie, mä hunn et als Erwuessene laang Zäit vergiess, bis de Roman dëst Joer op menger Duechter Leonie sengem Lektür-Plang an der Schoul erëm opgedaucht ass. Obschonns rezent Bicher-Serie mech méi passionéieren, war et een erfollegräiche Flashback a meng Jugend, souwuel wéinst der Geschicht, ewéi och wéinst der Drock-Weis - d'Geschicht ass nämlech an zwou verschiddene Faarwe gedréckt - an dem Schrëftsteller seng Erzielmanéier. Et war schéin, déi Geschicht mat menger Duechter nach eng Kéier ze duerchliewen an och ze realiséieren, wéi zäitlos d'Geschicht ass.