Traditioun op PäischtdënschdegDen Oflaf vun der Iechternacher Sprangpressessioun

RTL Lëtzebuerg
All Joer ass op Päischtdënschdeg zu Éiere vum Hellege Willibrord déi traditionell Sprangpressessioun.

Wéi all Joer ass op Päischtdënschdeg nees eng méi lass zu Iechternach. Zu Éiere vum hellege Willibrord zéien nees Dausende Pilger a Sprénger duerch d'Stroosse vun der eelster Stad zu Lëtzebuerg. Vun engem Been op dat anert geet et wärend der Sprangpressessioun, déi zum UNESCO-Kulturierwe gehéiert, fir déi Gleeweg lues an d'Basilika.

D'Erëffnungsmass vun der Sprangpressessioun 2026 ass wéi gewinnt scho Päischtméindeg um 20 Auer. Dës gëtt vum Bëschof vu Münster (D), dem Dr. Heiner Wilmer, gehalen.

Op Päischtdënschdeg selwer kommen déi éischt Pilger schonn um 5:15 Auer zu Iechternach un. Um 9:15 Auer hält de Kardinol Jean-Claude Hollerich eng Usprooch fir den Optakt vun der Sprangpressessioun a géint 13 Auer sollen déi lescht Spranggruppen dann an der Basilika ukommen.

De kompletten Detail vum Oflaf kënnt Dir hei noliesen.

D'Opstellung vun de Gruppe fir d'Sprangpressessioun 2026.
D'Opstellung vun de Gruppe fir d'Sprangpressessioun 2026.
© Stad Iechternach

Navette fir an den Zentrum

Wéinst der Sprangpressessioun sinn op Päischtdënschdeg dann och verschidde Stroosse fir an den Zentrum vun Iechternach eran fir den Trafic gespaart. Vum P+R Séi aus fiert dofir vun 8:30 bis 16:00 Auer eng Navett am 15-Minutten-Takt.

© Stad Iechternach

Sprangpressessioun oder Sprangprëssioun?

Fir jiddereen, deen eventuell irritéiert ass, datt um Site vun der Stad Iechternach d'Sprangpressessioun anescht geschriwwen ass wéi am Lëtzebuerger Online Dictionnaire, huet den LOD och eng Erklärung:

"Bei der Sprangpressessioun op Päischtdënschdeg sprangen d'Participanten op eng Polka-Melodie a Reien duerch d'Iechternacher Stroosse bis bei d'Graf vum hellege Willibrord an der Basilika. D'Originne vun dësem Brauch reechen zeréck bis an d'spéit Mëttelalter. Gespronge gëtt no vir, vun engem Fouss op deen aneren, an d'Leit si mat wäissen Nuesschnappecher, déi un den Enner festgehale ginn, matenee verbonnen. De 16. November 2010 huet d'UNESCO d'Iechternacher Sprangpressessioun op hir Lëscht vun den immaterielle Kulturgidder gesat. Dobäi gouf d'Kuerzform „Sprangprëssioun“ zeréckbehalen – allerdéngs mat engem Treema um -e-, fir bei der Aussprooch ze hëllefen."

Back to Top
CIM LOGO